De Carl Barks, gebuer de 27. Mäerz 1901 an der Géigend vu Merrill am Oregon a gestuerwen de 25. August 2000 zu Grants Pass am Oregon, war en US-amerikanesche Comic-Zeechner an -Texter.

Carl Barks
Gebuer 27. Mäerz 1901
Gestuerwen 25. August 2000
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Schrëftsteller, Moler, Bauer, Journalist, Illustrateur, Comicauteur, Comicauteur, Animateur, Cartoonist, Storyboard-Zeechner

De Carl Barks ass dee bekanntsten Zeechner vun den US-amerikaneschen Disney-Comics, besonnesch vun de Geschichten ronderëm d'Famill Duck an hir Frënn. D'Motiv vun der Int huet de Barks vum Al Taliaferro iwwerholl. Hien huet déi zum Deel nach relativ eesäiteg gehale Charaktere differenzéiert an nei Figuren dobäierfonnt. Hien ass de geeschtege Papp vun der räichster Int vun der Welt Dagobert Duck (Scrooge McDuck), dem genialen Erfinder Daniel Düsentrieb (Gyro Gearloose) oder de Panzerknacker (Beagle Boys). Och den Numm vun der Stad Entenhausen (Duckburg) kënnt vum Barks.

E puer vun dëse Figuren, déi ursprénglech nëmme fir ee bestëmmte Comic entworf goufen, goufe sou populär, datt si spéider hir eege Comic-Serie kruten.

An de 50er Jore ware seng Comics an den USA sou populär, datt hien "the good artist" genannt gouf, well kee Mënsch säin Numm kannt huet, d'Hefter hate just d'Bezeechnung Walt Disney. Et gëtt souguer gesot, datt den Disney him Fanpost ënnerschloen huet. Eréischt an de 70er Joren ass et zéie Fans gelongen, säin Numm erauszefannen an de Meeschter, du scho laang an der Pensioun, ze besichen.

I always felt myself to be an unlucky person like Donald, who is a victim of so many circumstances. But there isn't a person in the United States who couldn't identify with him. He is everything, he is everybody; he makes the same mistakes that we all make. He is sometimes a villain, and he is often a real good guy and at all times he is just a blundering person like the average human being, and I think that is one of the reasons people like the duck.

(Carl Barks)

Op Lëtzebuergesch heescht dat ongeféier:

Ech hu mech ëmmer als eng vum Pech verfolgt Persoun gefillt, grad wéi den Donald, deen en Affer vun den Ëmstänn ass. Mä et gëtt keen US-Amerikaner, dee sech net mat him identifizéiere kéint. Hien ass alles, hien ass jiddwereen; hie mécht déi selwecht Feler, déi mer all maachen. Hien ass heiansdo nidderträchteg, an hien ass dacks e richteg gudde Kärel, awer wéi och den duerchschnëttleche Mënsch ass hien ëmmer een, deem alles mëssléngt, an ech mengen, dat ass eng vun den Ursaachen, firwat d'Leit d'Int gär hunn.

Mam Dr. Erika Fuchs huet de Carl Barks eng kongenial Iwwersetzerin vu senge Wierker an d'Däitscht fonnt. Typesch Spréch aus de 50er Joren, wéi "Dem Ingeniör ist nichts zu schwör" oder d'Donald-Duck-Zitat "Wo man hinschaut, nichts als Gegend" stamen aus hirer Fieder. Hir Sprooch war wäit méi differenzéiert wéi dat US-amerikanescht Original, an deem de Barks och vill Slang-Wieder gebraucht huet.

Biographie änneren

De Carl Barks ass 1901 op engem Bauerenhaff an der Noperschaft vu Merrill am US-Bundesstaat Oregon gebuer. Eréischt am Alter vun zéng Joer huet hie säin Interessi fir d'Zeechnen entdeckt. Emol ofgesi vun engem Fernkurs vun der Landon School of Cartooning huet hien och ni eng formell Ausbildung kritt.

Dem Barks seng Mamm ass gestuerwen, wéi hie 15 Joer al war. Doropshin huet hie mat der Schoul no der aachter Klass opgehalen, fir säi Papp op der Ranch z'ënnerstëtzen. Am Alter vun 18 Joer ass de Barks op San Francisco geplënnert, wou hien als Lafborscht an enger Dréckerei seng Kuuscht verdéngt huet. Wéi hien zwee Joer laang ouni Erfolleg eng Plaz als Zeechner gesicht hat, ass hien erëm heem an den Oregon gaangen.

1923 huet de Barks seng éischt Fra bestuet a wéinst enger Dréchent d'Ranch verlooss. Zu Roseville, dat ëstlech vu Sacramento läit, huet de Barks dunn am Atelier vun der Eisenbunnsgesellschaft Pacific Fruit Express geschafft. 1928 konnt de Barks seng éischt witzeg Zeechnungen un d'Humor-Blat Calgary Eye-Opener verkafen. Hien huet bei der Eisebunn gekënnegt an ass op Minneapolis geplënnert, wou den Eye Opener säi Verlag hat. Schonn 1930 ass de Barks awer nees an den Oregon zeréckgaangen. Vun senger éischter Fra hat hie sech mëttlerweil getrennt.

Am Alter vun 34 Joer huet de Barks sech 1935 bei den Disney-Studioen mat Erfolleg virgestallt. Hien huet do eng Abberzuel Zeechentrickfilmer gezeechent. Am Ganzen huet hie bei ongeféier 35 Kuerzfilmer matgewierkt. 1942 huet de Barks bei de Western-Verlag eriwwergewiesselt, deen Disney-Comics a Lizenz erausbruecht huet. Hien huet vun 1943 u reegelméisseg d'Donald-Duck-Comics gezeechent. Fir datt seng Figuren ëmmer d'selwecht sollten ausgesinn, huet hien Zeechenuweisungen (model sheets) fir seng Kolleege prettgehalen. Säi Stil huet d'Richtung gewise fir all spéider Duck-Zeechner. Fir Western huet de Barks méi wéi 500 Comics-Geschichte vun e puer Säite gezeechent, an dozou kënnt nach eng Abberzuel vu Geschichte vu just enger Säit.

Zanter 1947 huet de Barks Niewecharakteren, déi ëmmer erëm komm sinn, a seng Geschichten agebaut. 1952 huet seng Figur Monni Dagobert eng eege Serie kritt, an där och d'Panzerknacker fir d'éischt Kéier opgetratt sinn.

Den 30. Juni 1966 ass de Barks an d'Pensioun gaangen. Bis 1973 huet hien awer nach Cover-Zeechnunge fir Western ofgeliwwert. Vun 1971 bis 1976 huet de Barks 122 Uelegbiller mat Motiver vun der Famill Duck gemoolt. Nodeem datt d'Spekulatioun mat deene Biller ugefaangen hat, hunn d'Disney-Studios déi weider Produktioun verbueden. Dës Biller ginn haut ënner Sammler zu Spëtzepräisser gehandelt.

Nom Doud vu senger drëtter Fra Garé 1993 huet de Barks de Carl Barks Studio gegrënnt. Hei këmmert hie sech haaptsächlech ëm den Entworf vu Parzeläin- a Bronze-Figure mat Duck-Motiver. Ëm d'Joer 1996 huet hie mat senger kënschtlerescher Aarbecht definitiv opgehalen.

Alles an allem huet de Barks fir d'Disney-Comics 6215 Säiten an 190 Cover gezeechent, an 396 Scripts geschriwwen.

De Carl Barks war dräimol bestuet. Mam Pearl vun 1923 bis 1929, mam Clara vun 1931 bis 1951 a schliisslech vun 1952 bis zu hirem Doud mam Garé. Mat senger éischter Fra hat de Barks zwee Kanner. Hien ass de 25. August 2000 am Alter vun 99 Joer am Oregon u Lymphdrüsekriibs gestuerwen.

Bibliographie änneren

Filmer vum Carl Barks:

  • 1937 Modern Inventions
  • 1937 Donald's Ostrich
  • 1938 Self Control
  • 1938 Donald's Better Self
  • 1938 Donald's Nephews
  • 1938 Good Scouts
  • 1938 Donald's Golf Game
  • 1939 Donald's Lucky Day
  • 1939 The Hockey Champ
  • 1939 Donald's Cousin Gus
  • 1939 Sea Scouts
  • 1939 Donald's Penguin
  • 1939 The Autograph Hound
  • 1940 Mr. Duck Steps Out
  • 1940 Bone Trouble
  • 1940 Pu-Put Troubles
  • 1940 Donald's Vacation
  • 1940 Window Cleaners
  • 1940 Fire Chief
  • 1941 Timber
  • 1941 The Golden Eggs
  • 1941 Earyl to Bed
  • 1941 Truant Officer Donald
  • 1941 Old MacDonald Duck
  • 1941 Chef Donald
  • 1942 The Village Smithy
  • 1942 Donald's Snow Fight
  • 1942 Donald Gets Drafted
  • 1942 The Army Mascot
  • 1942 The Vanishing Private
  • 1942 Sky Trooper
  • 1942 Bellboy Donald
  • 1943 The Old Army Game
  • 1943 Home Defense
  • 1944 Trombonn Trouble
  • 1944 The Plastics Inventor

Literatur änneren

  • Uwe Anton und Ronald M. Hahn: Donald Duck - Ein Leben in Entenhausen, München 1994 ISBN 3-910079-55-5
  • Johnny A. Grote: Carl Barks. Werkverzeichnis der Comics, Stuttgart 1995 ISBN 3-7704-1898-0
  • Gottfried Helnwein: Wer ist Carl Barks, Bayreuth 1993
  • David Kunzle: Carl Barks. Dagobert und Donald Duck. Welteroberung aus Entenperspektive, Frankfurt/Main 2002 ISBN 3-596-23949-4

Um Spaweck änneren