D'Carina ass en ausgedeent Stärebild um Südhimmel a vu Mëtteleuropa aus net ze gesinn.

Date vum Stärebild Carina
Lëtzebuergeschen Numm Carina
Däitschen Numm Kiel des Schiffs
Laténgeschen Numm Carina
Laténgesche Geenitiv Carinae
Laténgesch Ofkierzung ar
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 6h 2m bis 11h 20m
Deklinatioun -50° 45' bis -75° 40'
Fläch 494 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 14° Nord. bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
3
Hellste Stär,
Gréisst
Canopus (α Carinae),
-0,62 m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Volans

Chamaeleon
Musca
Centaurus
Vela
Puppis
Pictor

Kaart vum Stärebild Carina

Beschreiwung änneren

D'Carina läit ënner de Stärebiller Puppis a Vela. D'Carina huet een opfällegen helle Stär, de Canopus.

Geschicht änneren

D'Carina ass en Deel vum antike Stärebild Argo Navis, dat zu den 48 beschriwwene Stärebiller vum Ptolemäus gehéiert.

Well dat ausgedeent Stärebild Argo Navis dem franséischen Astronom Lacaille fir d'Astronomie ze vill oniwwersiichtlech war, huet hien dëst Stärebild am Joer 1763 opgedeelt an déi nei Stärebiller Carina, Puppis a Vela. Dobäi goufe fréier Stärebezeechnunge bäigehalen, soudatt jiddwer griichesche Buschtaf an deenen dräi Stärebiller nëmmen eemol virkënnt.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Nimm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α Canopus, Suhail, Suhel −0,62m 310 F0 Ib
β Miaplacidus 1,68m 111 A2 IV
ε Avior 1,86m 632 K3 III + B2 V
ι Turais, Tureis, Aspidiske, Scutum 2,21m 700 A9 Ib
θ 2,8m 800 B0 V
υ 2,92m
ν 3,0m 1000 A8 + A8
ω Omega Carinae 3,29m 250 B8 III
p 3,30m 300 B3 V
q 3,39m 600 K4 II
a 3,43m 600 B2 IV
χ 3,46m 600 B2 IV
1 3,69m
u 3,78m 70 K0 + B3
s 3,81m 500 F1 II
c 3,84m 500 B8 II
x V382 Carinae 3,93m 6000 G0 Ia-0
i 3,96m 800 B3 II
l 3,3 bis 4,2m
I 3,99m
h 4,08m
d 4,31m
g 4,34m
N 4,35m
A 4,41m
r 4,45m
G 4,47m
f 4,50m
m 4,51m
y 4,58m
w 4,59m
z 4,62m
p 4,65m
E 4,66m
t2 4,69m
K 4,72m
B 4,74m
k 4,79m
D 4,81m
e2 4,84m
b1 4,93m
Q 4,93m
L 4,97m
t1 5,08m
z2 5,11m
23 5,14m
M 5,15m
c 5,16m
b2 5,17m
e1 5,27m
H 5,46m
O 5,60m
η Eta Carinae, Foramen, Tseen She 6,21 (−0,8 – +7,9)m LBv + O

Den α Carinae ass een extreem helle Stär vun der Spektralklass F0 a läit op enger Distanz vun 310 Liichtjoer. Mat enger visueller Hellegkeet vu -0,62m ass hien nom Sirius deen zweethellste Stär um Nuetshimmel.

Den Numm Canopus staamt aus der anticker griichescher So. De Canopus war de Steiermann vum Menelaos bei der Eruewerung vun der Stad Troja.

De Stär β Carinae gehéiert zu der Spektralklass A2 an ass 111 Liichtjoer vun eis ewech.

Den Numm „Miaplacidus“ ass aus dem arabeschen a laténgeschen zesummegesat a bedeit „Waasserplaz“.

Den ε steet op enger Distanz vu 632 Liichtjoer entfernt a gehéiert zu der Spektralklass K3. Wouhier den Num Avior kéint, ass net séchert.

6.000 Lichtjoer wäit ewech ass de Stär Eta Carinae. Et ass e ganz interessant Objet. Mat enger Hellegkeet vu 6,21m kann hien haut net méi mat bloussem A gesi ginn. Wou den Edmond Halley am 17. Joerhonnert säi Stärekatalog opgestallt huet, war den Eta Carinae mat 4m méi hell, woubäi sech d'Hellegkeet onreegelméisseg verännert huet. An de Joren 1833 bis 1843 ass seng Hellegkeet dramatesch op -1m geklommen. Zu dësem Moment war et deen zweethellste Stär um Himmel, an hien hat déi véiermilliounefach Liichtkraaft vun eiser Sonn. An de Joren duerno huet seng Hellegkeet ëmmer méi ofgeholl. Ënnersichungen hu gewisen, datt de Stär ëmmer nach extreem liichtstaark ass, woubäi seng Stralung allerdéngs duerch ausgestoussene Gas- a Stëbswolleken absorbéiert an als laangwelleg Infraroutstralung ofgetruede gëtt. Den Eta Carinae huet warscheinlech säin Endstadium erreecht a wäert an noer Zukunft als Supernova explodéieren. Méiglecherweis ass e schonn explodéiert awer wéinst der grousser Distanz dauert et nach eng Zäit bis mir de Liichtblëtz gesinn.

Duebelstären änneren

System Gréissten Ofstand
υ 3,1m/6,0m 127"
u 3,8m/6,3m 157"
I (ZZ Car) 4,0m/6,2m 233"
b1 4,9m/6,7m 40,3"

Den υ Carinae besteet aus zwéi Stäre mat der Spektralklass A8. D'System ass ronn 1.000 Liichtjoer vun eis ewech.

Den u Carinae steet op enger Distanz vu 70 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech a besteet aus aus engem roude Stär mat der Spektralklass K0 an engem wäisse Begleeder vun der Klass B3.

Den I Carinae, och bezeechent als ZZ Carinae, ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 1.500 Liichtjoer. Dëse System besteet aus zwéin extreem helle Stäre mat de Spektralklassen F2 an A2. I Car ass ausserdeem ee verännerleche Stär.

De b1 Carinae ass 1.000 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi wäisse Stäre mat de Spektralklasse B3 a B9.

Verännerlech Stären änneren

Objet Gréisst Period Typ
η −0,8m bis 7,9m 85,1 Deeg / 5,54 Joer onreegelméisseg
R 3,9m bis 10,3m 308,7 Deeg Mira-Stär
l (ZZ Car) 3,3m bis 4,2m 35,53 Deeg Cepheid

Den R Carinae ass e verännerleche Stär vum Typ Mira. Seng Hellegkeet verännert sech iwwer en Zäitrau vun 308,7 Deeg. Am Maximum ass hien 3,9m hell a kann ouni Weideres mat bloussem A gesi ginn. Am Minimum fält d'Hellegkeet bis op knapps 10,3m erof, a fir eng Observatioun brauch een en Teleskop.

Den I oder ZZ Carinae ass e Verännerleche vum Typ Cepheid, seng Hellegkeet pulséiert an engem reegelméissegen Ofstand vun 35,53 Deeg tëscht 3,3 a 4,2 mag.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC divers Gréisst Typ Numm
2516 4m Oppene Stärekoup
2808 6,5m Kugelstärekoup
3114 4,5m Oppene Stärekoup
3293 5,5m Oppene Stärekoup
IC 2602 2m Oppene Stärekoup Südlech Plejaden
3372 3m Emissiounsniwwel Eta Carinae-Niwwel
3532 3,5m Oppene Stärekoup
 
De Carinaniwwel am infraroudem Liicht

Duerch en Deel vum Stärebild zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss. Hei si vill oppe Stärekéip an niwweleg Objeten.

Den NGC 2516 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vun 2.000 Liichtjoer.

Den NGC 2808 ass e Kugelstärekoup op enger Distanz vun 30.000 Liichtjoer.

Den oppene Stärekoup NGC 3114 läit 2.500 Liichtjoer vun eis ewech.

Den NGC 3293 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer.

Den oppene Stärekoup IC 2602 gëtt och „Südlech Plejaden“ genannt. Hie läit 800 Liichtjoer vun eis ewech an ass dem Stäekoup Plejaden änlech, nëmmen e bëssche méi liichtschwaach.

Den NGC 3372 ass en Emissiounsniwwel ëm de Stär Eta Carinae.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Carina (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien