Canon EOS 450D

digitalen Fotoapparat
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Canon EOS 450D, an Nordamerika heescht e Canon Eos Digital Rebel XSi an a Japan Canon EOS Kiss X2, gehéiert zu de Canon EOS Digital-Fotoapparaten. En huet méi Funktiounen, ënner anerem Live-View an eng méi héich Opléisung, wéi de méi ale Canon EOS 400D.

D'Canon EOS 450D

D'EOS 450D ass zanter dem Abrëll 2008 zu Lëtzebuerg ze kafen.

  • De Sensor ass en 22,2 × 14,8 mm CMOS-Sensor mat 12,2 Megapixelen a Biller mat maximal 2.848 × 4.272 Pixelen.
  • De Brennwäiteverlängerungsfaktor ass 1,6
  • Als Bildprozesser huet en een DIGIC III mat 14 Bits
  • Den Autofokus gëtt vun 9 Punkte gesteiert.
  • Am Sucher, deen eng Vergréisserung vun 0,87 huet, si 95 % vum Bild ze gesinn.
  • De Verschloss geet vun 30 Sekonne bis 1/4000 an d'Blëtzsynchronisatioun ass 1/200 s.
  • Gespäichert gëtt op enger SDHC-Kaart.
  • De Boitier weit 521 Gramm mat Akku a Späicherkaart.

Um Spaweck änneren

Commons: Canon EOS 450D – Biller, Videoen oder Audiodateien