Canis-Major-Zwerggalaxis

D'Canis-Major-Zwerggalaxie ass nom haitege Stand vun der Fuerschung déi noost Nopeschgalaxie vun eiser Mëllechstrooss. Si ass op enger Distanz vun 42.000 Liichtjoer vum Mëllechstroossenzentrum ewech a läit op enger Distanz vu ronn 25.000 Liichtjoer zu eisem Sonnesystem. Si huet dofir nëmmen ongeféier 80 Prozent vum Ofstand zum Mëllechstroossenzentrum vun der Sagittarius-Zwerggalaxie, déi virun der Entdeckung vun der Canis-Major-Galaxie als noosten Noper vun der Mëllechstrooss gegollt huet. Eist Sonnesystem läit deemno méi no bei der Canis-Major-Zwerggalaxie wéi beim Zentrum vun der Mëllechstrooss.

Canis-Major-Zwerggalaxie
Positioun vun der Canis-Major-Zwerggalaxie (schwaarz Ellips) am Stärebild Canis Major
Stärebild Canis Major (CMa)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 07h 12m 35s
Deklinatioun - 27° 40' 00"[1]
Ausgesinn
Wénkelduerchmiesser 720 × 720[2]
Physikalesch Donnéeën
Gehéiert zu Lokal Grupp[2]
Distanz (Lj) 25000
Geschicht
Entdecker En Astronomenteam aus
Frankräich, Italien, Groussbritannien an
Australien
Entdeckungsdatum 2003

Astronomesche Kontext änneren

D'Zuel vun den Eenzelstären an där Galaxie gëtt op eng Milliard geschat, an hire Kär huet eng elliptesch Form. D'Galaxie als Ganzt gëtt awer als irregulär Galaxie kategoriséiert.

D'Canis-Major-Galaxie ass am Stärebild Canis Major a läit praktesch direkt um galaktesche Plang. Wann een den Ofstand vun der Galaxie zum Mëllechstroossenzentrum mam Duerchmiesser vun der Mëllechstrooss vergläicht, da stellt ee fest, datt d'Galaxie praktesch an de baussenzegen Deeler vun der Mëllechstrooss läit. D'Gezäitekräften, déi d'Mëllechstrooss op déi Zwerggalaxie huet, sinn dofir extreem héich, an tatsächlech schéngt d'Canis-Major-Galaxie am Prozess vun der Opléisung ze sinn an ass schonn extreem deforméiert.

Entdeckung änneren

Duerch hir Lag um galaktesche Plang gouf d'Galaxie bis an d'Joer 2003 net entdeckt, zum engen, well d'interstellar Matière de Bléck op d'Galaxie blockéiert, zum aneren, well si nëmme schwéier vun der Mëllechstrooss selwer z'ënnerscheeden ass. Se gouf vun engem internationalen Team am Kader vum Two Micron All Sky Survey entdeckt, deen am Infraroutberäich duerchgefouert gouf, an deem déi interstellar Matière méi duerchsiichteg ass wéi am optesche Beräich.

Verbonne Phenomeener änneren

A Begleedung mat der Entdeckung vun der Canis-Major-Galaxie konnten och aner komesch Evenementer am Ëmfeld vum Stärebild Canis Major, déi deelweis schonn zanter laanger Zäit bekannt waren, mat där Galaxie an hiren Opléisungskennzeechen an Zesummenhank bruecht ginn.

  • Eng aussergewéinlech Heefung vu Kugelstärekéip an engem Beräich vum Himmel, an deem soss net sou vill Kéip sinn. Dorënner sinn déi zanter laangem bekannt Objete Messier 79, NGC 1851, NGC 2298 an NGC 2808, déi all warscheinlech en Deel vum fréiere Kugelstärekoupsystem vun der Zwerggalaxie waren.
  • Eng iwwergrouss Dicht vu Risestäre vum Spektraltyp M, déi och am Kader vum Two-Micron All Sky Survey entdeckt goufen. Dës iwwerschësseg Stäre schéngen aus der Zwerggalaxie ze stamen, déi vill rout Risestären huet.
  • E laangt Filament vu Stäre laanscht den Orbit vun der Zwerggalaxie, deen am Kader vum Sloan Digital Sky Survey am Joer 2001 entdeckt gouf, krut den Numm Monoceros-Rank a béit sech bis zu dräimol ëm d'Mëllechstrooss.
  • En ettlech oppe Stärekéip, dorënner den Dol 25, den H 18 an den AM 2, déi eventuell duerch d'Gezäitewierkung vun der Zwerggalaxie op dat interstellaart Gas vun der Mëllechstrooss an dësem Gebitt entstane kéinte sinn.

Alternativ Deitung änneren

An der astronomescher Fuerschung ass och vun der Canis Major Overdensity d'Ried, well et trotz staarken Hiweiser nach net als geséchert gëlle kann, ob déi observéiert Heefungen tatsächlech duerch eng eege Galaxie zustane koumen, oder ob si der Mëllechstrooss selwer zouzeschreiwe sinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. NASA/IPAC Extragalactic Database
  2. 2,0 2,1 SEDS