De Canaan Sodindo Banana, gebuer de 5. Mäerz 1936 zu Esiphezini a gestuerwen den 10. November 2003 zu Fulham, war e methodistesche Paschtouer a vum 18. Abrëll 1980 bis den 31. Dezember 1987 den éischte President vum Simbabwe. Säin Nofollger gouf de Robert Mugabe, säin deemolege Premierminister.

Canaan Banana
Gebuer 5. Mäerz 1936
Esigodini
Gestuerwen 10. November 2003
London
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Simbabwe
Educatioun Kansai-Universitéit
Aktivitéit Politiker, Universitéitsprofesser, Priister, Diplomat
Partei Zimbabwe African National Union
Famill
Bestuet mat Janet Banana

Hie war Vizepresident vum African National Council (ANC). Wéi an de 60er Joren, e ganze Koup Membere vum African National Council verhaft gi sinn, ass hie mat senger Famill an d'USA geflücht. 1975 ass hien zeréck an de Simbabwe gaangen, wou en direkt verhaft gouf. Ee Joer drop ass en erëm fräigelooss ginn. En huet sech dem Robert Mugabe senger ZANUpartei ugeschloss, déi sech virun allem fir d'Befreiung an d'Onofhängegkeet vum Simbabwe agesat huet. Bei den éischte fräie Walen ass hien als President gewielt ginn. Hie war den éischte schwaarze President vum Simbabwe, dat bis dohi vum Ian Smith regéiert gouf. De Smith war zanter 1964 Premierminister vu Rhodesien an hat do en Apartheids-Regime opgeriicht.

1996 ass hie wéinst Homosexualitéit a Sodomie verhaft an 1998 zu 10 Joer Prisong verurteelt ginn. Hien ass dunn a Südafrika geflücht, well e gemengt huet, de Robert Mugabe hätt vir, hien doutzemaachen.

No engem Rendez-vous mam Nelson Mandela ass hien zeréck an de Simbabwe gaangen, wou en direkt festgeholl gouf. No 2 Joer Prisong ass en erëm fräikomm. En ass no laanger Krankheet 2003 zu London gestuerwen.

1982 gouf et am Simbabwe e Gesetz dat verbueden huet de Geck mam Banana sengem Familljennumm ze maachen.[1]

Referenzen änneren

  1. (en) The Telegraph Media Group Limited, 11. November 2003: Canaan Banana