De Campari gehéiert zu de Spirituosen an ass en Aperitif-Bitter.

De Gaspare Campari huet 1862 de Campari erfonnt. Et ass eng Mëschung aus 86 verschiddene Kraider, Gewierzer, Friichten a Wuerzelen aus ville verschiddene Länner.

En huet eng rout Faarf an en liicht battere Goût.

Déi genee Komponente vum Campari, an haaptsächlech hir Doséierung, gi streng ënner Verschloss gehalen.

De Campari soll wa méiglech kill gelagert a kal zerwéiert ginn.

Et ass eng villsäiteg Spirituos. Klassesch Aperitif-Variante sinn: Campari mat Spruddel, Campari on the Rocks a Campari-Orange. Donieft gëtt et sëlleg méi aktuell Varianten, wéi Campari Red Bull oder Campari Tonic.

Produzent vum Campari ass d'Firma Davide Campari S.p.A. vu Mailand an Italien.

Um Spaweck änneren

Commons: Campari – Biller, Videoen oder Audiodateien