Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Camille Cigrang, gebuer am Joer 1934, ass e lëtzebuergesche Manager, deen an der Belsch, méi genee zu Antwerpen seng Karriär gemaach huet an do, zesumme mat senger Famill, den Armement Cobelfret gegrënnt an en och bis an den héijen Alter geleet huet.

Karriär änneren

No sengem Studium op der Handelshéichschoul zu Antwerpen ass de Camille Cigrang do wunne bliwwen an huet, zesumme mat senge Bridder, 1928 Cobelfret gegrënnt. Am Ufank war déi Firma an der Zementsbranche aktiv, bis se sech 1939 der Schëfffaart zougewennt huet. Haut ass Cobelfret, (no der Compagnie Maritime Belge, CMB) de gréisste belschen Armateur an huet am Transportsecteur seng Aktivitéiten op internationaler Basis entwéckelt, an der Belsch, a Groussbritannien, Holland, Schweden, Irland an Dänemark. Cobelfret beschäftegt 1.100 Persounen.

Op der Lëscht vun de räichste Famillen an der Belsch figuréiert d'Famill Cigrang u 16. Plaz.

De Camille Cigrang huet sech bei der Kreatioun vum lëtzebuergesche Pavillon Maritime verdéngt gemaach. D'Gesellschaft huet hir Schëffer nämlech ënner lëtzebuergeschem Pavillon enregistréiere gelooss an huet zanterhier och eng Néierloossung zu Lëtzebuerg.

De Camille Cigrang wunnt elo zu London. Hien huet dräi Jongen, de Christian, de Michel an de Pierre.

Offiziell Unerkennung vun de Verdéngschter vum Camille Cigrang änneren

  • Fir seng Verdéngschter gouf de Camille Cigrang de 25 August 2006 op der Lëtzebuerger Ambassade zu London zum Groussoffizéier am lëtzebuergeschen Ordre de Mérite ernannt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren