De Caloris Planitia („Calor“, laténgesch, = Wäermt, Hëtzt; „Planitia“, laténgesch = Déifplateau oder -Becken, ass mat 1.550 km Duerchmiesser de gréissten Aschlagkrater op der nach net vollstänneg erfuerschter Uewerfläch vum Merkur.

Caloris Planitia (Merkurkrater)
Caloris Planitia um Terminator
Eegenschaften
Breet 30.5 N
Längt -189.8 O
Duerchmiesser 1550 km
Alter 3900000000

De Caloris Planitia gouf sou genannt, well, duerch d'Resonanz tëscht dem Merkur senger Rotatiouns- a Bunnbeweegung, bei all zweete Passage vum sonnennächste Punkt vun der Ëmlafbunn d'Längtepositioun vum Becken zu der Sonn ausgeriicht ass.

D'Caloris-Becke gouf warscheinlech duerch den Aschlag vun engem Asteroid mat ongeféier 100 km oder souguer 150 km Duerchmiesser virun 3,9 Milliarde Joer geformt. Et gëtt ugeholl, datt duerch d'Energie vum Aschlag ongeféier 500.000 km² Terrain vun der géigeniwwerleiender Säit vum Planéit opgebrach war, soudatt sech do Bierger mat iwwer 1.800 m Héicht opgebaut hunn. Den Impakt war sou hefteg, datt duerch d'seismesch Schwéngungen ëm d'Aschlagplaz en ettlech konzentresch Rankramplien opgeworf goufen, an aus dem Kär vum Planéit Lava ausgetratt war.

Dat a sengem Zentrum zimmlech flaach gegliddert, grousst kreesfërmegt Becken, dat nërdlech vum Equator läit, gëtt vun de Caloris Montes begrenzt, en onreegelméissege Biergrank (oder eng Biergketten), deem seng Spëtzten nëmmen 1 km bis 2 km héich sinn.

Den Zentrum vum Becke gouf anscheinend vum Magma aus der Déift opgefëllt, änlech wéi d'Marebecke vum Mound. Déi Lavaflächen hunn eng eegenaarteg ronzeleg Textur, déi bis elo nëmme beim Merkur bekannt ass, an hunn däitlech maner Krateren, wéi aner Merkurregiounen. Um Buedem vum Becke si vill konzentresch Ronzelen a Biergrécker, déi un eng Zilscheif erënneren.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie