Cactus ass den Numm vun enger Lëtzebuerger Supermarchéschaîne, déi hire Sëtz um Wandhaff huet. Et ass dëst eng vun deene bedeitendste Familljenentreprisen zu Lëtzebuerg. Ënner de Marke "Cactus", "Super Cactus", "Cactus Marché" a "Cactus-Shoppi" bedreift se Supermarchéen, Hypermarchéen a Geschäfter mat Liewensmëtteleenzelhandel. Och eng Rëtsch spezialiséiert Butteker, vu Blumme bis zu CDen, gehéieren zu der Grupp.

Cactus
Supermarché Cactus zu Esch-Lalleng (2012)
Typ Aktiegesellschaft (SA)
Slogan Nëmmen dat bescht
Grënnungsdatum 1967
Sëtz Wandhaff, Lëtzebuerg
Leedung Max Leesch (President)
Laurent Schonckert (CEO)
Mataarbechter 4.500 (2023)
Ëmsaz 918 Milliounen Euro (2021)[1]
Branche Supermarché
Homepage www.cactus.lu

Cactus.S.A. ass eng Duechterfirma vu Betsah Invest SA déi u 16 Societéite bedeelegt ass.

Geschicht änneren

1900 huet de Joseph Leesch eng Epicerie gegrënnt, déi en 1905 zesumme mam Michel Donven zu engem Grousshandel fir Liewensmëttel ausgebaut huet. 1928 sinn déi zwéi getrennt Weeër gaangen an dem Joseph Leesch seng dräi Jongen Arthur, Jacques an Aloyse hunn eng nei Gesellschaft, "Leesch Frères", gegrënnt a sou d'Geschäft weidergefouert. 1930 hu se eng Kaffisréischterei an der Stroossbuerger Strooss an der Stad opgemaach.

1955 hunn d'Jonge vum Arthur Leesch, de Paul an den Alfred, d'Geschäft an der drëtter Generatioun iwwerholl. 1962 hu se hiren éischte Self-service, de "VIVO" an der Stroossbuerger Strooss, opgemaach. 1966 ass de Kaffisbuttek Bruno nokomm.

Den éischte Supermarché mam Numm Cactus ass den 19. Oktober 1967 zu Bäreldeng opgemaach ginn, ee Joer drop deen zweeten zu Esch op der Brillplaz am Gebai, an deem de Kino Rex virdru war. Eng Rëtsch Supermarchéen uechtert d'Land sinn an deene Joren duerno nokomm.

1974 huet d'Entreprise hir éischt Shopping Mall, de "Shopping Center Belle Etoile" zu Bartreng ageweit. Wärend sech de Grupp bis dohi gréisstendeels selwer finanzéiert hat, andeems e méi séier verkaaft huet wéi d'Rechnunge vun de Fournisseuren ze bezuele waren, war dat mam Projet Belle Étoile, deen 268 Millioune Frang kascht huet (100 Millioune méi wéi geplangt), net méi méiglech. Aus där Zäit kënnt d'Relatioun tëscht dem Paul Leesch an dem Robert Reckinger, deen Direkter vum CIAL (zanter 1991 vun der Banque de Luxembourg iwwerholl) zu Lëtzebuerg war.

Et war u sech geplangt, datt de Grupp no der Belle Étoile séier e weidere Shopping Mall zu Bouneweg géif opmaachen. Den Terrain dofir war schonn 1975 kaaft ginn. Dunn ass awer mam Gesetz vum 26. August 1975 eng Gesetzesännerung dertëscht komm, déi fir Eenzelhandels-Geschäfter vu méi wéi 600 m² eng speziell Autorisatioun agefouert huet, déi refuséiert kéint ginn, wann den Equiliber am Commerce a Fro gestallt wier. De facto war et dem Cactus duerno onméiglech weider grouss Geschäfter opzemaachen. De Grupp huet du mat groussem Succès ugefaange Supermarchée vu 600 m² mat Restauranten a Verkafstéiken déi baussent dem Supermarché louchen, a sou bei d'Restaurante gerechent goufen, fir déi et keng Limit gouf. De Paul Leesch sot dozou, datt de Grupp u sech Restaurante mat Supermarchéen opgemaach huet. Dat éischt sou Geschäft war de Cactus Dikrech, duerno koume Péiteng, Réimech an och nach Miersch. Fir de Verglach: de Cactus Bäreldeng hat schonn 1967 1.100 m².

1979 huet den éischten Traîteur vun der Entreprise, "de Schnékert" an der Stad, seng Dieren opgemaach. De Cactus war du schonn net méi eng eenzeg Gesellschaft mä e vertikal integréierte Grupp vu Sociétéiten, wéi d'Akafszentral Resuma, d'Caresta fir d'Restauratioun, d'Carnesa fir d'Metzlerei, d'Caflora fir d'Blummen oder d'Cafruta fir d'Uebst an d'Geméis. Dëse Modell hat de Paul Leesch bei der Schwäizer Migros ofgekuckt.

1989 gouf am Centre Commercial Cactus Houwald deen éischte Free Flow Restaurant agefouert. Am selwechte Joer gouf de Sëtz vun der Entreprise op de Wandhaff verluecht.

1994 an 1995 goufen déi éischt Do-it-yourself-Geschäfter ënner dem Numm "Cactus Hobbi" um Houwald, zu Dikrech an zu Esch opgemaach.

2001 huet de Paul Leesch sech aus dem Geschäft zeréckgezunn. Säi Jong, de Max Leesch huet d'Presidence vum nei geschaaften Directoire vu 7 Leit iwwerholl. De Laurent Schonckert ass Generaldirekter.

2008 ass Cactus eng Kooperatioun mat de Pëtrolsfirmen Total a Gulf agaangen an huet ënner dem Numm Cactus-Shoppi Geschäfter an enger Rei Tankstelle vun deene zwou Firmen opgemaach.

Am Joer 2009 huet Cactus änlech wéi d'Konkurrenz eng Clientskaart agefouert.

Tëscht 2011 an 2016 huet d'Firma ënner dem Numm Cactus@home en Internetgeschäft bedriwwen, wou d'Leit hiren Akaf online bestelle konnten. D'Saache krute se dann heem geliwwert.[2]

De Grupp Cactus haut änneren

Fir d'Joer 2015 hat de Grupp Cactus en Ëmsaz vun enger 808 Milliounen Euro gemaach. De konsolidéierte Benefice louch 2014 bei knapps 51 Milliounen Euro, 2015 bei ronn 47,5 Milliounen.[3]

2016 hat de Cactus 47 Verkaafspunkten an 4.060 Mataarbechter a war domat no der Lëtzebuerger Post (4.320) an ArcelorMittal (4.180) den drëttgréisste private Patron am Land.[4]

Den Numm änneren

D'Wiel vum Numm Cactus, deen de Paul Leesch erausgesicht hat, war vum Jacques Dutronc sengem Lidd Les Cactus vun 1966 beaflosst ginn. Wichteg war, datt et d'Wuert "Cactus" an allen zu Lëtzebuerg geleefege Sprooche ginn ass. D'Verbindung vun de Kaktus-Planze mat der Firma Cactus ass och am Firme-Logo an am Maskottche Yuppi däitlech ginn. Bei der Erëffnung vun neie Geschäfter a Supermarchéen huet meeschtens deen éischten Dag all Client e Kaktus geschenkt kritt, wouduerch déi Planzen zu Lëtzebuerg an den 1970-90er Joren eng grouss Popularitéit kritt hunn.

2017 huet en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff der Firma Cactus SA Recht ginn, de Markennumm "Cactus" exklusiv fir hiren Eenzelhandel gebrauchen ze däerfen. Eng spuenesch Gäertnerei, déi den Numm Cactus de la Paz / Cactus of Peace europawäit schütze wollt, huet dëst domat net erlaabt kritt.[5]

Literatur änneren

  • " 'Die, die uns mögen, werden uns finden.' Interview mit Cactus-Geschäftsführer Laurent Schonckert." In: forum Nr. 470, Mai 2021, S.43-48.
  • Dirk Sumkötter (Text) a Serge Waldbillig (Fotoen), 2008. Cactus. In: Made in Luxembourg, S. 46-49, Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-747-1

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. zlv.lu: Die Beschäftigten von Cactus werden befragt vum Ali Ruckert (26. November 2022)
  2. "Cactus ferme Cactus@home." wort.lu, 4 février 2016 à 10:14.
  3. " Cactus: Eng Milliard Ëmsaz als Ziel." Interview mam Laurent Schonckert an der Emissioun Riicht eraus, 100komma7.lu, 18. Feb 2017 - 15:45.
  4. Liste des principaux employeurs au Luxembourg classés par taille, édition juin 2016 vun der STATEC (gekuckt den 21. Januar 2017)
  5. "Amt der Europäischen Union für geistiges Eigentum gegen Cactus SA". Urteel C‑501/15 P vum 11. Oktober 2017.