Dëse Geographiesartikel iwwer Portugal ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Cabo de São Vicente bei Sagres an der Algarve a Portugal, stellt zesumme mat Ponta de Sagres, an der Noperschaft, d'Südwestspëtzt vum euopäesche Festland duer. Eng géi Fielsmauer, 59 m héich, trennt d'Land do vum Atlantik. Eng moer Vegetatioun ouni Beem charakteriséiert d'Landschaft.

De Cabo de São Vicente

De Cabo de São Vicente ass zanter dem Neolithikum eng helleg Plaz. An der Antiquitéit war en dem Saturn geweit. D'Chrëschten hunn dee Traditioun virugefouert andeems se de leschte Punkt vum europäesche Festland nom Hellege Vinzens genannt hunn.

Um Cabo de São Vicente steet e Liichttuerm, deem säi Liichtschäi bis zu 90 km iwwer den Atlantik reecht, an domat dee Liichttuerm an Europa ass, deen am wäitsten ze gesinn ass. D'Landschaft ass vun Touristen, déi meeschtens mat Busse kommen, staark besicht. D'Géigend ass net ongeféierlech, well do déidlech Accidenter vun Touristen a Fëscher, déi do eroffalen, heefeg sinn. Och d'Schëffer sinn do virsiichteg a maachen e grousse Bou ëm d'Fielse vum Cabo de São Vicente.

De Cabo de São Vicente ass e beléiften Depart respektiv Zil vu Wanderweeër, z. B. déi Europäesch Wäitwanderweeër E3, E4 an E9.

Galerie änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cabo de São Vicente – Biller, Videoen oder Audiodateien