Den CP Puppis (och Nova Puppis 1942) war eent vun den hellsten a séiersten Novaevenementer vum 20. Joerhonnert. Si huet 1942 am Stärebild Puppis mat 0,3 mag opgeliicht. Den Novarescht ass e Kataklysmesche Verännerlechen (CV) mat enger fir Novae kuerzer Bunnperiod vun nëmmen 1,47 Stonnen.

Den héije Floss am Röntgenberäich a seng staark Modulatioun mat enger Period vun 1,47 Stonne weisen op eng méiglech magnéitesch Natur vum Wäissen Zwerg hin, an de System gehéiert sou eventuell zu der Klass vun den DQ-Herculis-Stären.

Koordinaten änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren