Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'CFL 56 waren 20 Damplokomotive aus der DR-Baurei 52 déi vum Februar 1946[1] bis zum Mee 1961 haaptsächlech op der Nordstreck am Asaz waren.[2]

CFL 56
(DR-Baurei 52)
Eng Lokomotiv vun derselwechter Baurei am Eisebunnsmusée zu Noerdlingen
Constructeur A.M. Tubize
Cockerill
EMG Grafenstaden
Bedreiwer CFL
Baujoer 1946
Benotzt a(n) Lëtzebuerg
Numeréierung 5601 - 5620
Stéckzuel 20
Technesch Detailer
Ass en(g) Damplokomotiv mat Schleeftender
Bauaart 1 E h2 + 2'2' T30
Spuerbreet Normalspuer
Zylinder 2
Längt iwwer Puffer 22.955 mm
Maximal Dauerleeschtung 1.192 kW

D'Lokomotive koumen aus engem Lous vun 200 Maschinnen déi d'Deutsche Reichsbahn nach wärend dem Krich zu jee fofzeg Stéck bei véier Atelieren an der Belsch bestallt hat an zwar bei A.M. Tubize, Cockerill, Forges Usines et Fonderies Haine-Saint-Pierre a Société franco-belge. D'Belsch hunn natierlech deemools ferm geträntelt soudatt bis uganks 1945 wéi d'Wehrmacht aus der Belsch verdriwwe war nach keng eenzeg Lokomotiv ausgeliwwert war. D'SNCB huet dunn aus de Maschinnendeeler, déi scho fäerdeg waren, 100 Maschinne baue gelooss (SNCB-Serie 26), vun deene se dem CFL zéng Stéck ofgetrueden huet (CFL-N° 5601-5610). Se hunn déi Zäit 2,75 Millioune Frang kascht. Déi aner zéng goufe bei der EMG Grafenstaden am Elsass bestallt. Aus Reschter déi nom Krich nach zur Verfügung stoungen huet d'EMG 17 Lokomotive fir d'SNCF gebaut (SNCF-Serie 150Y) an déi zéng fir Lëtzebuerg.

D'Lokomotive koumen direkt no der Ausliwwerung an d'Depote vun Ëlwen a vu Lëtzebuerg.


Referenzen an Notten änneren

  1. Ausgeliwwert tëscht dem 19.02.1946 a 15.06.19646
  2. Eisenbahnen in Luxemburg, Ed Federmeyer, Eisenbahn-Kurier, 1984