Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'CDays gi vum Lycée technique d'Ettelbruck organiséiert fir hire Schüler de Computer, an alles wat et do ronderëm gëtt, méi no ze bréngen.

Den CDays RoboZoo

Den C am Numm stellt zwou Saachen duer: op der enger Säit steet e fir den C vu Computer op der anerer Säit gëllt et awer och als englescht Wuertspill a kënnt vun "to see". Dëst ass och am Logo vun den CDays mat verschafft.

Bei de CDays geet et drëms, datt Schüler selwer an Atelieren an duerch d'praktescht Schaffen an ausprobéieren erliewen, wat alles mat dem Medium Computer kann ugefaange ginn.

E bëssen Historesches änneren

 
CDay 2005 Logo
 
CDays 2006 Logo

D'CDays goufe fir d'éischt 2003 vum LTEtt organiséiert.

  • 2004: Ugefaangen huet dat Ganzt als Verkafsfoire vu PC Okkasiouns-Material. Hei sollte bëlleg Computer u Schüler verkaaft ginn, déi sech keen neie leeschte konnten.
    Verantwortlech dofir war eng 12ième Vente. Den Erfolleg war relativ mëttelméisseg! Déi Kéier huet et nach "PC-Day" geheescht.
  • 2005: Bei der zweeter Editioun war och alles op een Dag begrenzt an et ass den Numm "CDay" entstanen. Als Logo sollt en A stoe mat enger CD als Iris, fir de Lien mat CDay ze maachen.
    Eng éischt Kéier goufe Stänn presentéiert, wou Proffen aus dem Département Informatique vum LTEttelbréck de Schüler de Computer aus enger anerer Perspektiv gewisen hunn.
  • 2006: D'Joer 2006 war ausschlaggebend fir aus dem CDay d'CDays ze maachen an dat Ganzt op 2 Deeg z'erweideren. Dat war néideg, well 2005 net all Schüler konnten op de CDay kommen, well net genuch Zäit war.
  • 2007:
     
    CDays 2007 Logo
    D'Neiegkeet 2007 war, datt eng éischt Kéier Leit vu baussen Aktivitéite presentéiert hunn. Sou kruten d'Schüler d'Méiglechkeet ze gesinn, wat déi eenzel Beruffer am Alldag schaffe mussen. Si konnten do eng Aktivitéit novollzéien, déi typesch fir e Beruff ass. Och do war eng éischt Kéier de CRP Henri Tudor an d'Uni Lëtzebuerg present fir den Ingenieursberuff méi no ze bréngen.
    D'Raimlechkeete ware scho bal ze kleng well et si bal 1200 Schüler aus 90 Klassen op d'CDays komm.
  • 2008 waren d'CDays de 17. an 18. Mäerz.
  • 2009 ware se den 30. an 31. Mäerz.
     
    CDays 2009 Logo
    Dëst Joer waren och erëm Organisatioune vun ausserhalb bei de CDays mat dobäi. Ënner anerem Leit vun der Lëtzebuerger Wikipedia, Médie wéi d'Wort oder den DNR, awer och de Chaos Computer Club Lëtzebuerg, de syn2cat Hackerspace oder de Centre de recherche public Henri-Tudor.

E puer Impressiounen änneren

2007 gouf et 19 Ateliere vu verschiddene Kategorien. Sou war z. B. en Atelier "Robotix" dobäi, dee vun der Klass 11TG2 geleet gouf. Donieft ass nach den Atelier "Photoshop" (gehale vum Här Weber Magic Moving Pixel), e Solarboot bauen a Solidworks (Klass 12GE1).