Den C/2011 L4 (PANSTARRS) ass en netperiodesche Koméit, deen am Juni 2011 entdeckt gouf. Et gëtt erwaart, datt hien a sengem Perihel mat dem bloussem A ze gesinn ass.[3] De Koméit gouf mat dem Pan-STARRS-Teleskop opfonnt, deen um Bierg Haleakalā op der Insel Maui steet.

C/2011 L4 (PANSTARRS)
De Koméit PanSTARRS opgeholl vum Gingin Observatoire
Orbittyp Hyperbel (laangperiodesch)
Grouss Hallefachs 26,092
Perihel 0,3016 AE
Aphel onbekannt
Numeresch Exzentrizitéit 1.00
Perihelduerchgank 10. Mäerz 2013[1]
Ëmlafdauer 110000 a[2]
Ëmlafvitess 76,7 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker Pan-STARRS
Entdeckungsdatum 6. Juni 2011
Aner Bezeechnungen -

Den C/2011 L4 hat eng visuell Magnitude vun 19 mag wéi hien am Juni 2011 entdeckt gouf.[4] Am Mee 2012 hat de Koméit schonn eng Hellegkeet vun 13,5 mag[5] a konnt scho mat groussen Amateurteleskope gekuckt ginn. De 5. Mäerz 2013 hat den C/2011 L4 mat 1,09 AE déi noost Distanz zu der Äerd[6] an e war den 10. Mäerz 2013 am nooste bei der Sonn (Perihel). Duerno war e fir kuerz Zäit souguer mat bloussem A ze gesinn.[1]

De Koméit C/2011 L4 brauch méiglecherweis Millioune vu Jore fir vun der Oort-Wollek bis an de bannenzege Sonnesystem ze kommen. Nom Perihelduerchgank gëtt erwaart, datt de Koméit op eng Ëmlafbunn mat enger Period vu ronn 110.000 Joer aschwenke wäert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: C/2011 L4 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 http://ssd.jpl.nasa.gov/sbdb.cgi?sstr=2011L4, ofgeruff den 12. August 2012
  2. Barycentric Osculating Orbital Elements for Comet C/2011 L4 (PANSTARRS), ofgeruff den 12. August 2012
  3. http://www.skyandtelescope.com/community/skyblog/observingblog/Comet-PanSTARRS-Still-on-Track-147166535.html, opgeruff den 12. August 2012
  4. http://www.minorplanetcenter.net/mpec/K11/K11L33.html, gekuckt den 12. August 2012
  5. http://www.minorplanetcenter.net/mpec/K12/K12J16.html, gekuckt den 12. August 2012
  6. http://cometography.com/lcomets/2011l4.html, gekuckt den 12. August 2012

Um Spaweck änneren