C. Douglas Dillon

amerikanesche Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Clarence Douglas Dillon gebuer den 21. August 1909 zu Genf an der Schwäiz, a gestuerwen den 10. Januar 2003 zu New York, war en US-amerikanesche Politiker (Republikanesch Partei), Ambassadeur a Finanzminister.

C. Douglas Dillon
Portrait vum C.D. Dillon am US-Finanzministère
Gebuer 21. August 1909
Genf
Gestuerwen 10. Januar 2003
New York
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Offizéier, Diplomat, Ekonomist, Politiker, Konschtsammler
Partei Republikanesch Partei
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Phyllis C. Ellsworth
Kanner Joan Douglas-Dillon

Formatioun a Liewen änneren

Als Jong vun engem Investmentbanker gebuer, huet hien un der Harvard Universitéit studéiert an huet säi Studium 1931 mat engem Bachelor of Arts-Diplom ofgeschloss. Du huet hie bis 1936 Courtier op der Bourse (New York Stock Exchange) geschafft. Uschléissend ass hien an d'Investmentbank Dillon, Read & Company, déi säi Papp matgegrënnt hat, agetratt. Do huet hie sech bis op Presidenteplaz eropgeschafft.

Am Zweete Weltkrich huet hie fir d'lescht als Lieutenant Commander an der Marinn Déngscht gemaach, a gouf och fir seng militäresch Leeschtungen dekoréiert.

 
Ënnerschrëft vum Dillon op US-$-Schäiner
  • 1953: Ernennung duerch den neigewielten USA-President, Dwight D. Eisenhower als Ambassadeur a Frankräich.
  • 1957-1958: Stellv.-Ënnerstaatssekretär (Deputy Undersecretary)an dunn Ënnerstaatssekretär am Ausseministère.
  • 1959: Stellv. Ausseminister
  • 1961-1965: Vum neigewielte President Kennedy gouf hien, obschonn hie Republikaner war, als Finanzminister a säi Kabinett opgeholl. Déi Funktioun konnt hien och ënner dem President Lindsey B. Johnson bäibehalen.

Hie war eng vun de Perséinlechkeeten, déi de gréissten Afloss haten a war ënneranerem mam Problem vum amerikanesche Budgetsdefizit konfrontéiert.

Seng Duechter Joan hat sech 1967 mam Prënz Charel vu Lëtzebuerg bestuet.

Um Spaweck änneren