De Byssus ass en Ensembel vu Fiedem déi vun enger Rei vu Muschelaarte produzéiert ginn a mat deene si sech um Substrat festhalen. D'Fiedem entstinn aus dem Sekreet vun Drüsen.

De Byssus vun enger Zebramuschel
Eng Mull (Gattung Mytilus) aus Nordamerika mat hirem Byssus.
Eng Hänsch aus Mierseid vun Taranto, Italien, warscheinlech aus dem Enn vum 19.Joerhonnert.

Bei de Muschelen déi giess ginn, gëtt de Byssus virum Kachen ewech geschnidden.

Gebrauch änneren

De wäertvollste Byssus ass dee vun der Stiechmuschel Pinna nobilis, der gréisster Muschel aus dem Mëttelmier.

An der Antiquitéit goufen aus de rengen an elastesche Fiedem, mat deene sech d'Muschelen u Steng oder Fielse festhalen, héichwäerteg Stëfter gewieft. D'Byssusdrüs, déi de Byssus liwwert ass am Fouss vun de Muschelen. D'Fiedem bleiwen ënner Waasser pecheg a mëll. Bei der Stiechmuschel si se brong, gielzeg, olivefaarweg, schwaarz oder bloelzeg. D'Längt ännert no der Muschelgréisst. D'Festegkeet ass mat där vum Nylon ze vergläichen.

Besonnesch am Mëttelalter war Gezei aus Muschelseid, Mierseid oder Muschelbaart, wéi et nach genannt gouf, beim Adel a bei héije Kiercheleit gutt ugesinn.

An der Bibel gëtt Byssus e puermol ernimmt:

  • Éischt Buch Moses, 41:41
  • Zweet buch Moses, 25:4
  • Zweet Buch Moses, 26,1

Um Spaweck änneren

Commons: Byssus – Biller, Videoen oder Audiodateien