Butterflies ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vum Max Jacoby aus dem Joer 2005, no enger Kuerzgeschicht vum Ian McEwan.

Butterflies
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2005
Première 2005
Dauer 12
Faarf Schwaarz-Wäiss
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Max Jacoby
Dréibuch Max Jacoby
nom Wierk vum Ian McEwan
Fotografie Fredrik Bäckar
35mm Schwaarz-Wäiss
Musek François Hausemer
Schnëtt Amine Jaber
Produzent Anne Schroeder
Samsa Film
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
Glyn Pritchard als Patrick
Joana Scanlan als Jane
Federay Holmes als Cindy
Jules Werner als Charlie
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Patrick, en einsame Mann mat engem monotone Liewen, muss bei d'Police goen, well hien déi lescht Persoun war, déi e klengt Meedchen aus sengem Quartier lieweg gesinn huet. Hat ass an engem Kanal erdronk. Well hien net schwamme kann, konnt hien hat net retten, an d'Hëllefsdéngschter, déi hie geruff huet, koumen ze spéit. Dat hält hien awer net dovun of, sech schëlleg ze fillen, besonnesch wann hien erausfënnt, datt d'Meedchen d'Duechter vun enger fréierer Klassekamerodin ass.[1]

Produktioun änneren

De Kuerzfilm gouf op Englesch mat haaptsächlech brittesche Schauspiller gedréint. Dat huet zu Problemer mam Finanzement vum Filmfong gefouert. Den eenzege Lëtzebuerger Schauspiller ass de Jules Werner an enger vu sengen éischte Filmrollen.[1]

Soss änneren

Butterflies huet 2005 de Präis vum Beschten Europäesche Kuerzfilm um Internationale Filmfestival vu Venedeg gewonnen. En ass ausserdeem Gewënner vum Lëtzebuerger Filmpräis 2005 fir dee beschte Kuerzfilm, ex aequo mat der Beryl Koltz hirem Starfly.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 land.lu: Regard triste et vie monotone (4. Dezember 2020)