Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Buranowskije Babuschki (ru: Бурановские бабушки, udm.: Брангуртысь песянайёс – D'Buranowoer Grousmammen) ass eng russesch Folk- an Ethnopopmuseksgrupp vu Buranowo an der russescher Republik Udmurtien,[1] déi 2000 (offiziell) gegrënnt gouf. Bal all hir Lidder waren am Ufank op Udmurtesch.[2]

Buranowskije Babuschki (2011).

Buranowskije Babuschki huet Russland um Eurovision Song Contest 2012 zu Baku mam Lidd Party for Everybody vertrueden. Bei der Finall ass d'Grupp mat 259 Punkten op déi 2. Plaz komm.[3]

2016 gouf d'Museksgrupp mat neie Memberen op Babuschki is Buranowo (ru: Бабушки из Бураново – "D'Groussmamme vu Buranowo") ëmbenannt.[4]

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. Archive copy Archivéiert op 2014-08-11. Gekuckt de(n) 2016-07-11.
  2. https://rg.ru/2012/07/05/babushki.html
  3. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=1593
  4. Archive copy Archivéiert op 2016-12-20. Gekuckt de(n) 2017-08-19.