An der Himmelsmechanik schwätzt ee vu Bunnresonanz (oder kuerz Resonanz), wann zwéin oder méi Himmelskierper periodesch zeréckkommen a gravitativ Aflëss ënnerleien. Ursaache vu Bunnresonanz sinn Ëmlafzäite vun de bedeelegten Himmelskierper, deenen hiert Verhältnes zueneen duerch niddreg natierlech Zuele beschriwwe kënne ginn, wéi beispillsweis mat 2:1 oder 3:2.

Auswierkunge vu Bunnresonanzen änneren

Resonanze kënnen eng Wierkung op Himmelskierperbunnen hunn déi souwuel stéiert wéi stabiliséiert. Dat ass ofhängeg vun der geometrescher Konstellatioun vun de bedeelegte Himmelskierper. Bunnverännerungen duerch periodesch Stéierungen (kuckt Resonanz), déi ëmmer op der selwechter Bunnpositioun gemaach ginn, summéiere sech am Fall vun enger Resonanz déi net stabil ass oder stéiert, oder kompenséiere sech géigesäiteg am Fall vun enger stabiler Resonanz.

Resonanzen déi stéieren änneren

Am Fall vu Resonanzen déi stéieren, féieren déi periodesch Stéierungen déi zeréckkommen, iwwer laang Zäitraim zu dramateschen Ännerunge vun der Bunnform. Heefegst Resultat ass d'Uwuesse vun der Exzentrizitéit, bis den Himmelskierper op Kollisiounskurs mat engem aneren Objet ass oder bei engem noe Passage aus dem System erausgeschleidert gëtt.

Beispiller sou Resonanze sinn déi duerch d'Saturnmounde bedéngt Deelunge vun de Saturnréng am Kirkwood-Fräiraum an der Haaptasteroidenceinture. D'Haaptasteroidenceinture gëllt als déi warscheinlechst Gebuertsplaz vun äerdnoen Asteroiden.

Resonanzen déi stabiliséieren änneren

Bei Resonanzen déi stabiliséiere verdeele sech d'Plaze vun de Bunnstéierunge reegelméisseg op der Bunn vum gestéierten Objet, soudatt sech hir Wierkunge géigesäiteg ophiewen.

Beispiller fir Resonanzen déi stabiliséieren änneren

  • Den Zwergplanéit Pluto an en ettlech méi kleng Objeten an der Kuiperceinture, déi als Plutinos bezeechent ginn, stinn an enger 3:2-Resonanz mam Neptun, d. h. wärend dräi Neptunëmleef ëmronne si d'Sonn zweemol. Weider bausse si weider resonant Kuiperceintureobjeten, déi an 2:1-Resonanz zu der Neptunbunn stinn. Et existéieren och Objete mat anere Resonanzen, wéi zum Beispill mat 5:2 an 3:1.
  • Eng Sonnerform vun der Bunnresonanz mam Verhältnes 1:1 formen d'koorbital Objeten. Dat bekanntst Beispill dofir sinn déi sougenannt Trojaner. Si sinn op engem Lagrange-Punkt par Rapport zur Sonn an engem Planéit, meeschtens de Jupiter.
  • Vill kleng Asteroidegruppe baussenzeg vun der Haaptceinture tëscht Mars a Jupiter ginn duerch Resonanzen zu der Jupiterbunn stabiliséiert. Dorënner d'Hilda-Grupp bei 3:2 an d'Cybele-Grupp bei 7:4.
  • Déi extrasolar Planéite Gliese 876b a Gliese 876c sinn an enger 2:1-Resonanz.

Weider Typpe vu Resonanzen änneren

 
Laplace-Resonanze vun den Ëmlaffrequenze vun den dräi banneschte Galileiesche Mounde

Säkular Resonanz änneren

Eng säkular Resonanz läit vir, wann d'Beweegung vum Perihel oder déi vum Knuet vun zwéin oder méi Himmelskierper matenee synchroniséiert ass. D'Prezessiounsfrequenz vu méi klenge Kierper passt sech an dësem Fall där vum masseräiche Kierper dee stéiert un.

Kozai-Mechanismus änneren

Beim Kozai-Mechanismus handelt et sech ëm eng periodesch a synchron Ännerung vun Exzentrizitéit a Bunnschréi vun engem Himmelskierper wéinst Resonanzeffeten.

Laplace-Resonanz änneren

Bei enger Laplace-Resonanz stinn d'Ëmlafzäite vun dräi oder méi Himmelskierper an engem niddrege ganzzuelege Verhältnes zueneen. Deen zurzäit eenzeg bekannte System ass dee vun de bannenzegen dräi galiléiesche Mounde vum Jupiter, Io, Europa a Ganymed. Hir Ëmlaffrequenze stinn an enger Resonanz vu 4:2:1 – véier Io-Ëmleef op zwéin Europa-Ëmleef an engem Ganymed-Ëmlaf.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie