Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Buick Limited war eng Serie vun Autoen, déi an de Joren 1931 bis 1942 vu Buick als Nofollger vun der Serie 129 an den USA gebaut gouf. Bis 1935 huet se just Serie 90 geheescht, vun 1936 u koum d'Bezeechnung Limited derbäi. Am Modelljoer 1940 gouf et d'Limited net nëmmen als Serie 90, ma och als Serie 80, déi virdrun als Bezeechnung fir de Roadmaster gebraucht gouf.

Baujoer 1938; dëse Won huet der groussherzoglecher Famill gehéiert.
Bannevue

Nom Krich ass d'Limited nach eng Kéier am Modelljoer 1958 als Serie 700 opgedaucht. D'Limited war ëmmer ganz uewen an der Gamm vun de Buick-Modeller. Vun 1965 u gouf 'Limited' just nach als Bäinumm fir déi allkéiers am beschten ekipéiert Variant vun anere Modellreie gebraucht.