Buergbrennen

Brauch zu Lëtzebuerg, am däitsche Grenzgebitt an an der Belsch

Buergbrennen ass e Brauch zu Lëtzebuerg an am däitsche Grenzgebitt, an der Belsch, an op verschiddene Plazen a Frankräich, deen dora besteet, fir de Sonndeg no der Fuesent (also den 1. Faaschtsonndeg, och nach Buergsonndeg (lat. Invocabit genannt) e grousst Feier ze maachen, dat symbolesch d'Verbrenne vum Wanter duerstellt.

Buergbrennen zu Biwels (1. Mäerz 2009)

Brauch änneren

Gewéinlech sinn et lokal Veräiner, déi sech ëm d'Organisatioun vum Buergsonndeg këmmeren an Holz vun de Leit an eventuell och Betriber aus hirer Gemeng (resp. dem Quartier) sammele fir domat d'Buerg ze bauen. Dat Holz gëtt dann zu engem Kräiz (méi seelen zu enger anerer Form, wéi en Tuerm) zesummegebonnen a mat Stréi oder anerem brennbare Material ëmwéckelt, an dann, meeschtens op engem Hiwwel, opgeriicht. Deelweis ginn och Fakelzich zesummegestallt, déi da géint der Owend d'Buerg ufänken. A verschidden Uertschaften ass et Traditioun, datt d'Buerg vun där Koppel ugefaange gëtt, déi fir d'lescht bestuet gouf, oder vu jonke Koppelen, déi sech dat Joer bestueden. Vun de Veräiner ginn dann och Buden opgeriicht, wou een Iessen a Gedrénks (z. B. Zopp, Grill- a Mettwurscht, Ierzebulli, Bouneschlupp, Glühwäin) kafe kann. D'Feierlechkeeten daueren dacks bis spéit an der Nuecht.

Traditionell goufen Träipen an der sougenannter Träipenzäit giess, déi op Allerhellegen ufänkt a mam Buergbrennen ophält.

An der Zäit hunn d'Baueren a Wënzer vum Buergbrenne profitéiert fir d'Wieder am Virsummer virauszesoen: "Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, sou geet en de ganze Virsummer".

Änlech Bräich gëtt et an der Äifel, wou se Burgbrennen oder Hüttenbrennen genannt ginn oder d'Funkenfeuer am schwäbesch-alemannesche Raum. Zu Zürich an der Schwäiz gëtt op Sechselauten de Böögg verbrannt. Op Franséisch heescht d'Buergbrennen: fête des brandons. An der Belsch sinn déi grouss Bränn vu Bouge, zu Sibret oder och zu Barbençon am Hainaut bekannt. Am Süde vun der Belsch ass de Buergsonndeg bekannt als dimanche des Bures.

Etymologie änneren

Experten no huet d'Wuert "Buerg" näischt mat enger "Buerg" am haitege Sënn ze dinn, mä geet op dat laténgescht Verb "burere", also "brennen" zeréck[1]. Sou geet een och dovun aus, datt d'Traditioun vum Buergbrennen op d'Neijoerschfester am anticke Roum zeréckgeet, wou d'Joer mam 1. Mäerz ugaangen ass. Mä och schonn eis Virfaren, déi virun de Réimer hei gelieft hunn, hunn de Brauch vum Buergbrennen och nach géint Enn Februar / Ufank Mäerz als Ofschloss vum Wanter gefeiert. Aneren Interpretatiounen no gouf d'Buergbrenne gefeiert fir d'Gëtter ëm e gudde Karschnatz ze bieden, a Verbindung mat Déierenaffer.

Literatur änneren

  • Hess, Joseph, 1929. Luxemburger Volkskunde. Verlag Paul Faber, Gréiwemaacher. [Cf. S. 253]
  • Hess, Joseph, 1961. Burgbrennen im Luxemburger Lande. Eifeljahrbuch S. 13-16. Bonn, ISSN 0424-687X
  • Kmec, Sonja; Lorent, Catherine; Reitz, Jean: "'Den Winter verjagen'. Das Burgbrennen in Luxemburg und seine Entwicklung seit den 1970er Jahren." Hémecht, Dezember 2023.
  • Milmeister, Jean, 1974. Dat ass de Brauch: Burgsonndeg. Luxemburger Wort Jg. 127 Nr. 49: 8.
  • Nehrenhausen, Jeannot, 1990. Übers Burgbrennen. De Kropemann: Informatiounsblat vun der Gemeng Réiden op der Atert, Réiden op der Atert, S. 37-45.
  • Tockert, Joseph, Romanische Lehnwörter in der Luxemburger Mundart. Lëtzebuerg. Etymologische und kulturhistorische Beiträge zum Luxemburger Wörterbuch. J. Beffort, Lëtzebuerg 1910 (Wörterbuch der luxemburgischen Mundart).
  • 50e anniversaire „Buergbrennen“. 1956–2006. Amicale Nidderréidéng, Rodange 2006.

Um Spaweck änneren

Commons: Buergbrennen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. An aler franséischer Sprooch bedeit « bûre » eng Häip, en héije grousse Koup oder Véiereck vun Äscht, deen opgeriicht gouf fir verbrannt ze ginn. De « jour des brandons » heescht och nach « jour des bures ». Cf. Les Bulles, en Duerf a Wallounien, deem säin Numm vun der Traditioun vum Buergbrennen ofstaamt.