D'Buerg vu Grangent am franséischen Departement Loire steet op enger Insel am Séi vu Grangent, just ënner der Buerg vun Essalois. Et kënnt een dohi vu Saint-Just-Saint-Rambert aus iwwer d'Departementalstroossen D108 an D32.

Buerg vu Grangent

D'Buerg gouf ëm 800 gebaut a stoung deemools op engem Fielsvirsprong eng fofzeg Meter méi héich wéi d'Loire. Dëst huet sech geännert wéi d'Talspär vu Grangent ongeféier 15 km vu Saint-Etienne ewech, gebaut ginn ass.

Am Mëttelalter, an och nach méi spéit, gouf se méi wéi eng Kéier zerstéiert an erëm opgeriicht.

D'Buerg ass haut a Privathänn.