Buerg Reiland

Belsch Buerg
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Buerg Reiland, op Däitsch Burg Reuland[1], ass eng Buergruin an der belscher Äifel an der Uertschaft Burg, Sektioun Reuland an der Gemeng Buerg-Reiland an der Däitschsproocheger Gemeinschaft.

Bild 1. D'Buerg Reiland (2006)
Bild 2. Buerg-Reiland op der Ferrariskaart, 1777.

Geographie änneren

D'Buergruin läit op engem niddrege Fielsplateau matzen an der Uertschaft Buerg-Reiland (Cf. Bild 1 & 4).

Beschreiwung vun der Anlag änneren

Déi haiteg Ruin ass just nach e klengen Iwwerrescht vun der fréierer Anlag (cf. Bild 2). Déi gewalteg Maueren, déi fréier de baussenzege Buerghaff ëmschloss a bis erof an den Ulfdall goungen, si verschwonnen. Déi haiteg Apdikt am Duerf war dat fréiert Buerghaus. D'Ruinenanlag ass fräi zougänglech.

Geschicht änneren

 
Bild 3. Den imposante Buergfrid

Archeologesch Ënnersichungen hunn erginn, datt d'Buergplaz schonn am 10. Joerhonnert benotzt gouf, si gëtt am Joer 983 eng éischt Kéier ernimmt.[2] Do wou haut just nach d'Buergruin steet, haten d'Réimer schonn e Kastell ugeluecht. Déi eelst Fundamenter sinn aus dem 12. Joerhonnert, wéi d'Buerg dem Adelsgeschlecht „von Rulant“ als Residenz gedéngt huet. Aus dem 13. Jh. ass eng Rankmauer nogewisen, déi vun engem Gruef ëmgi war. Am nordwestlechen Eck stoung en Tuerm. Am 14. Jh. gouf d'Rankmauer nei ugeluecht an de Buergfrid opgeriicht (Cf. Bild 3).

1148 goufen d'Häre vu Reiland fir d'éischt schrëftlech ernimmt: „Filio di Walteri de Rulant“. 1313 ass dat Geschlecht vu Reiland ausgestuerwen. D'Buerg goung un d'Häre vu Blankenheim iwwer, déi se 1322 un de Jang de Blannen, Grof vu Lëtzebuerg a Kinnek vu Béimen, verkaaft hunn.

1384 huet de Wenzel I. vu Lëtzebuerg d'Buerg dem Emond vun Engelsdorf als Lehen ginn; hie gouf och Kämmer (Comptabel) vum Haus Lëtzebuerg, eng Funktioun, déi an der Famill vun Engelsdorf weiderverierft gouf. 1444 koum d'Buerg an de Besëtz vun den Häre vu Pallandt, déi hallefronn Schéisstierm baue gelooss hunn. An der zweeter Hallschent vum 16. Jh. gouf d'Wieranlag an eng herrschaftlech Residenz ëmgewandelt.

1666 ass déi lescht Nokomme Ottilia von Pallandt-Reuland gestuerwen an 1736 dee leschten Ierwen. Duerno huet just nach e Verwalter an der Buerg gewunnt, bis se 1794 duerch franséisch Truppen zerstéiert gouf.

1830 gouf d'Anlag fir Baumaterial verkaaft a koum an de Besëtz vun der Famill Mayeres zu Reiland, déi se spéiderhin der Gemeng geschenkt huet.

De belsche Staat huet 1923 d'Buerganlag kaf, fir eng Loftofwierstellung dorop anzeriichten. D'Buerg selwer gouf 1980 ënner Denkmalschutz gestallt, gouf 1986 vum belsche Staat kaf an zanter 1988 schrëttweis restauréiert.

Illustratiounen änneren

Literatur änneren

  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute: ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder]. 271 p. Luxembourg: RTL Édition. [Burg-Reuland: S. 52]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Burg Reuland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Den Numm chasteel de Rulant ass aus dem Joer 1322 iwwerliwwert ginn.
  2. Cf. Krantz & Quintus 1984 an der Literatur.