Buerg Esch-Sauer

Lëtzebuerger Buergruin
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Buerg vun Esch-Sauer ass haut nëmmen nach eng Ruin.

Buerg Esch-Sauer
D'Sauer an d'Ruine vun der Buerg (2020)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Sauer
Plaz Esch-Sauer
Koordinaten 49°54'40"N, 5°56'5"O
D'Buerg vun Esch-Sauer
D'Buerg Esch-Sauer. Zeechnung vum Frantz Clément an Nicolas Liez.

D'Haaptbuerg läit op engem grousse Fiels am Zentrum vum Duerf Esch-Sauer. Direkt nieft der Haaptbuerg, op engem méi héich geleeëne Fielsvirsprong steet e ronnen Tuerm. Zu der Haaptbuerg gehéiert e Buergfrid, eng Kapell an eng Kelleranlag, déi haut nach erhale sinn, resp. restauréiert goufen. De ronnen Tuerm um Plateau ass op der viischter Säit opgeschnidden.

Am Duerfzentrum steet nach en zweete ronnen Tuerm, mat änlechen Dimensiounen.

Geschicht änneren

Den 3. Juni 927 huet e gewësse Meginaud, resp. Meginold mat engem Tosch mat der Abtei Stavelot Esch-Sauer kritt an do en 8 × 8 m grousse Wunntuerm mat donieft Wirtschaftsgebaier opriichte gelooss. Ënner deenen zwéi leschte Grofe vun Esch am Lach gouf d'Buerg méi grouss gemaach. Nom Michel Margue handelt et sech bei dësem Esch awer net ëm Esch-Sauer, mä ëm Eschduerf.[1]

Wat en Dokument ugeet an deem d'Buerg op d'Joer 927 datéiert gëtt, sou ass d'Echtheet vun deem Dokument dacks ugezweiwelt ginn. Aus engem Rapport vun der Commission des sites et monuments nationaux (Cosimo) geet ervir, datt d'Experten sech mëttlerweil eens sinn, datt d'Buerg éischter op d'12. Joerhonnert ze datéieren ass[2][3]. De Michel Margue datéiert den Bau vun der Buerg awer éischter an d'Enn vum 10., Ufank 11. Joerhonnert.[1]

Vum spéiden 11. bis d'Enn vum 13. Joerhonnert huet d'Buerg den Häre vun Esch gehéiert. 1292 ass d'Buerg nom Doud vum Godfroid IV. an de Besëtz vun de Famillje vun der Neierbuerg, Ouren a Geroldseck gefall[2].

An der Mëtt vum 14. Joerhonnert ass d'Buerg no Norden hin erweidert ginn an et sinn nach Iwwerreschter vu Wunn– an Niewegebaier a vun enger Kapell ze gesinn[4].

Am 15. Joerhonnert gouf ronderëm d'Duerf Esch eng Rankmauer mat zwéi Wuechttierm gebaut. Vum 16. Joerhonnert un, bis an d'19. Joerhonnert, ass et mat der Buerg biergof gaangen. An der Mëtt vum 19. Joerhonnert hu Leit aus dem Duerf d'Buerg - oder wat dovu Rescht war - opkaaft a sinn dra wunne gaangen. 1893 huet de Staat d'Ruin kaaft.

Tëschen 1903 an 1906 goufen de Buergfrid an d'Kapell vun der Buerg restauréiert an 1991 goufe Stabiliséierungsaarbechte[4] realiséiert.

Wéinst hire speziellen architektoneschen, archeologeschen an historesche Spezifizitéiten huet d'Cosimo Enn 2021 proposéiert, d'Buerg als nationaalt Monument ze klasséieren. D'Gemeng Esch-Sauer huet doropshin den Accord gi fir d'Prozedur an d'Weeër ze leeden[2].

 
Plang vun der Buerg

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Buerg Esch-Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Nadine Schartz, Esch/Sauer in der Geschichte, Das Dorf, das jünger ist als geglaubt. wort.lu [€] (29.06.2023). Gekuckt de(n) 29.06.2023. // Das Dorf, das jünger ist als gedacht, Luxemburger Wort, 29.06.2023, S. 14-15
  2. 2,0 2,1 2,2 Burg Esch/Sauer erhält Denkmalschutz. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-12-10). Gekuckt de(n) 2021-12-13.
  3. De Rapport vun der Cosimo ass aktuell (Dezember 2021) nach net um Site vum INPA disponibel
  4. 4,0 4,1 Château fort d'Esch-sur-Sûre. ssmn.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-12-13.