Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Bristol Rovers FC (Spëtznimm The Pirates an The Gas) ass en englesche Foussballveräin an der Stad Bristol. Déi 1. Härenekipp spillt an der Saison 2008/09 an der Football League One, der drëtthechster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Memorial Stadium am Norde vu Bristol.

Wope vu Bristol Rovers FC
Wope vu Bristol Rovers FC

De Veräi gouf 1883 ënner dem Numm Black Arabs gegrënnt. Um Enn vun der Saison 1990/91 war de Veräin op der 7. Plaz an der Second Division, deemools déi zweethechste Spillklass am Englesche Liga System, an 1951, 1958 an 2008 stoung der Veräin an der Véirelsfinall vum FA Cup.

Um Spaweck änneren

(en) Offiziell Websäit vu Bristol Rovers FC

Commons: Bristol Rovers FC – Biller, Videoen oder Audiodateien