Briatico

italieenesch Gemeng an der Provënz Vibo Valentia


Briatico ass eng süditalienesch Gemeng an der Provënz Vibo Valentia a Kalabrien. Si läit 17 km nordwestlech vu Vibo Valentia am Golf vu Sant' Eufemia.

Briatico
Land Italien
Regioun Kalabrien
Provënz Vibo Valentia
Koordinaten 38°43'33,53"N, 16°1'58,40"O
Fläch 27,92 km²
Awunner 3.700 (1. Januar 2023)
Héicht 51 m
ISTAT 102003

D'Gemeng besteet aus de Fraktioune (frazione) Conidoni, Mandaradoni, Paradisoni, Potenzoni, San Costantino, San Leo a Sciconi.

Nopeschgemengen änneren

Cessaniti, Vibo Valentia, Zaccanopoli, Zambrone, Zungri.

Kuckeswäertes änneren

Vum alen Duerf Briatico Vecchio, dat de 5. Februar 1783 bei engem Äerdbiewen zerstéiert gouf, kann een nach e puer Iwwerreschter gesinn, dorënner och d'Ruine vun der mëttelalterlecher Buerg.

Um Strand gëtt et nach zwéi vun de fréier fënnef Tierm vum antitierkesche Verdeedegungssystem:

  • La Rocchetta, en héijen Tuerm deen ursprénglech vun de Griiche gebaut, vun de Réimer erëm opgebaut an am Mëttelalter ëmgebaut gouf
  • Torre Sant'Irene, en Tuerm aus dem 16. Joerhonnert

Um Spaweck änneren