Bretton Woods

Bezierk vun der US-Stad Carroll

Bretton Woods ass als südëstlechste Bezierk vun der Stad Carroll eng Bierguertschaft am New Hampshire, an den USA.

Bretton Woods
Land USA
Héicht 1.631 Fouss
Zäitzon Eastern Time Zone
Koordinaten 44°15'29"N, 71°26'28"W

Si gouf international bekannt well do 1944 eng Weltwährungskonferenz war, un där déi 44 alliéiert Länner deelgeholl hunn. Si war aberuff ginn, fir datt nom Zweete Weltkrich de Weltwährungssystem erëm a gereegelte Bunne fonktionnéire kéint. De Prinzip vun fixen, mä upassbare Wiesselcourse gouf festgehalen. D'Conditiounen an deene Paritéitsännerunge kéinten ofgehale ginn, goufen och preziséiert. D'Weltbank an de Fonds Monétaire International si bei där Geleeënheet gegrënnt ginn, fir de Länner den noutwendege Bäistand ze leeschten. Dëse System ass 1971 zesummengebrach, an d'Wiesselcourse sinn an engem ni gekannten Ausmoss no uewen an no ënne gaangen.