De Braquet oder Iwwersetzung ass beim Vëlo de Rapport tëscht der Zännzuel vum Zännrad, dat um Pedalier montéiert ass, a Plateau genannt gëtt, an dem Zännrad dat op der Nuef vum hënneschte Rad montéiert ass a Pignon genannt gëtt.

Op Vëloen déi een oder zwéi Changementen hunn, kann de Vëlosfuerer de Braquet veränneren, andeems en d'Kette vun engem Zännrad op dat anert wiesselt.

Obschonn de Braquet ënner de Form 52x11 geschriwwe gëtt, ass säi Produkt awer d'Resultat vun der Divisioun vun 52 duerch 11.

Bei Nuewechangemente muss een dat Iwwersetzungsverhältnes mat bei der Berechnung a Betruecht zéien.

D'Produkt Braquet x Ëmfang vum Rad gëtt Developpement genannt.