D'Brídín Brennan, gebuer de 17. Mee 1974 zu Gweedore, County Donegal, Irland, ass eng iresch Sängerin an déi jéngst aus der Brennan Famill, déi der Musekwelt schonn d'Grupp Clannad souwéi d'Solokënschtler Máire Brennan an Enya ginn huet.

Brídín Brennan
Gebuer 20. Januar 1977
Nationalitéit Irland
Aktivitéit Sänger
Famill
Geschwëster Enya

D'Brídín huet an den 1990er Joren als Hannergrondsängerin bei Clannad matgemaach, mä sech duerno vun der Musek zeréckgezunn an un der Receptioun vum Prominentecoiffer Charles Worthington geschafft. Eréischt d'Offerte vum engem Frënd fir d'Leedstëmm bei zwee Lidder z'iwwerhuelen huet se erëm op de Goût bruecht. 2005 huet si eng Solokarriär ugefaangen an den Album "Eyes Of Innocence" erausbruecht.

Hire Stil ënnerscheet sech nëmme liicht vun deem vun hiren aacht Geschwëster an ass am beschten als "rouege gesatene Pop" ze beschreiwen.

Um Spaweck änneren