Bouneschlupp

lëtzebuergesche Plat

Bouneschlupp ass en typesch lëtzebuergesche Plat aus grénge Bounen a Gromperen.

Bouneschlupp

Rezept änneren

Variant 1 änneren

Fir d'éischt muss een e wéineg more Speck kleng schneiden an an engem Dëppen ausloosse mat e wéineg Botter. Da komme jonk gréng Bounen a kleng Stécker geschnidden dobäi, a ginn direkt mat Britt ofgeläscht. Wann d'Bounen 10 Minutte gekacht hunn, komme klenggeschnidde geschielt Gromperen derbäi. Dat Ganzt nach eng Kéier 10-15 Minutte goe loossen, bis datt d'Grompere mëll sinn.

Et kann een elo just nach e Schotz Rahm dramaachen.

Oder et mécht ee brongt Miel dran.

Oder et mécht een eng Roux dran (Miel dat am Botter geréischtert ass mä nach keng Faarf huet), hei kann een dann nach Rahm dobäi maachen.

Wann een eng Mettwurscht wëll mat dramaachen, soll een déi an engem aneren Dëppe mat nëmme Waasser kachen (soss schmaacht d'Bouneschlupp nëmmen no Mettwurscht), a Rondele schneiden an d'Rondelen nach eng Kéier an der Mëtt duerchschneiden, soss sinn et ze vill grouss Maufelen, op den Teller leeën an d'Bouneschlupp driwwer schëdden.

Variant 2 änneren

Fir 4 Leit:

  • 500 g gréng Bounen
  • 1 déck Muert
  • 1 Porrett
  • 1 Ënn
  • 3 bis 4 déck Gromperen
  • 2 Mettwurschten
  • Salz a Peffer
  • 50 cl Mëllech
  • 25 cl Rahm
  • 2 Liter Waasser
  • 1 déck Noss Botter

D'Boune gutt wäschen, a Stécker schneiden. De Rescht Geméis (ouni d'Gromperen) och gutt botzen a ganz kleng schneiden. D'Geméis ouni d'Bounen am Botter an enger grousser Kasseroll 5 Minute goe loossen, d'Waasser dobäi schëdden an opkache loossen. D'Bounen an d'Mettwurschten dobäi ginn an dat Ganzt eng Stonn lues kache loossen.

D'Grompere schielen an a kleng Stécker schneiden. No enger Stonn d'Mettwurschten aus der Zopp huelen, a Rondele schneiden an nees mat de Grompere bei de Rescht ginn. D'Schlupp eng weider véirel Stonn kache loossen.

Schmaachen op genuch Salz dran ass, d'Mëllech dobäi schëdden, nach eng Kéier opkache loossen a ganz um Enn d'Rahm dobäi ginn.

D'Bouneschlupp gëtt traditionell mat oder viru Gromperekichelcher oder Paangecher zerwéiert.

D'Bouneschlupp an der Traditioun änneren

D'Bouneschlupp mat Gromperekichelcher oder mat Paangecher (ouni Fleesch) huet fréier mat dem Fësch a mat Eeërkascht zu de Freidesmenuer a villen Haiser gehéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Bouneschlupp – Biller, Videoen oder Audiodateien