Boulevard de la Recherche
Strooss um Belval
De Boulevard de la Recherche ass eng Strooss um Belval an der Gemeng Suessem. Se leeft vum Eck mam Boulevard des Lumières fir d'éischt Richtung Süd-Südwest, geet ënnert der Avenue du Blues an der Eisebunnsstreck Esch-Uelzecht-Péiteng an engem Tunnel erduerch, a mécht dann e Bou no riets bis bei de Rond-point mam CR168 (rue de l'Usine).
Längt | ca. 780 m |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Suessem |
Uertschaft | Bieles |
Quartier | Belval |
Postcode | L - 436? |
Koordinaten |
49° 30’ 102.6N’’ 05 56° 25.2’ O’’ {{{8}}} |
Dat Stéck tëscht dem Tunnelausgank an dem Rond-point, ronn 290 Meter, ass op franséischem Terrain.
Geschicht änneren
D'Strooss gouf als en Deel vum Masterplang vum Belval ugeluecht, bei deem de westlechen Deel vun der Schmelz um Belval urbanistesch ëmgewandelt gouf.
Gebaier änneren
Biller änneren
-
Vue no Norden
-
Vue no Süden, virum Tunnel
-
... an der Nuecht
-
D'Stéck op franséischem Terrain
Um Spaweck änneren
Commons: Boulevard de la Recherche – Biller, Videoen oder Audiodateien |