Bonnes villes liégeoises

D'Bonnes Villes liégeoises ware fréier déi gréisst Uertschaften am Fürstentum Léck. Dës Uertschaften haten d'Recht Vertrieder an den États provinciaux ze hunn.

Bis 1651 waren en et 21 Stéck an du gouf d'Zuel op 23 festgeluecht. Déi lescht Stad déi als Bonne-Ville unerkannt gouf war Verviers, dat haaptsächlech wéinst senger ekonomescher Importenz, déi duerch d'Entwécklung vun der Textilindustrie, vu 1638 un, entstane war.

Et waren 12 sougenannte Villes thioises an 11 Villes françoises.

  • D'Villes françoises, oder wallounesch Stied, waren déi Stied wou franséisch geschwat gouf:
Châtelet, Ciney, Couvin, Dinant, Fosses-la-Ville, Huy, Léck, Thuin, Verviers, Visé, Waremme
  • D'Villes thioises, oder flämesch Stied, waren déi Stied wou flämesch geschwat gouf. Si waren all an der aktueller Provënz Limburg.
Beringen, Bilzen, Bree, Hamont, Hasselt, Herk-de-Stad, Borgloon, Maaseik, Peer, Sint-Truiden, Stokkem, Tongeren.

D'Stied mat dem Statut Bonne ville, hate meeschtens och Rankmaueren.

Um Spaweck änneren