Bombardement vu Rotterdam

Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Wéi d'Wehrmacht den 10. Mee 1940 Holland ugegraff huet, ass net alles sou ofgelaf wéi den däitschen ieweschte Kommando (OKW) sech dat virgestallt hat. Trotz groussen Efolleger, wéi d'Besetzung vu Rotterdam, an den Duerchbroch op der Verdeedegungslinn Peel-Raam, war d'Haaptfrontlinn nach net gebrach. Fir d'Hollänner séier an d'Knéien ze kréien, huet de Göring net gezéckt fir déi hollännesch Stied ze bombardéieren.

Rotterdam nom Bombardement

Besonnesch Rotterdam gouf de 14. Mee 1940 duerch dat däitscht Bombardement an déi doduerch ausgeléist Bränn schwéier beschiedegt. 800 Mënsche sinn ëmkomm, an 80.000 Rotterdammer hate keen Daach méi iwwer dem Kapp. Haaptsächlech Stuka-Fliger waren do am Asaz. Am Stadberäich gouf eng décktbebaute Fläch vun 260 Hektar dem Äerdbuedem gläichgemaach: 25.000 Wunnengen, 70 Schoulen, 2.400 Geschäfter an 2.000 Büroe goufen an e Koup gebombt. D'Stadhaus, d'Post, d'Bourse an d'Laurentiuskierch goufen uerg matgeholl, blouwen awer erhalen. Kuerz, dat aalt Rotterdam ass dobäi verschwonnen an huet missen nei opgebaut ginn. Deen Ugrëff vun der Luftwaffe ass bei der Rotterdammer Bevëlkerung a batterer Erënnerung bliwwen.

De véierten Dag no der Invasioun, an no de Bombardementer vu Rotterdam an Utrecht huet den hollännesche Generol Winkelman den Uerder fir de Feierstopp ginn an den Dag duerno de 15. Mee um Véirel vir Zwielef war d'Kapitulatioun definitiv. Se gouf an der Schoul zu Rijsoord ënnerschriwwen. Zeeland war awer net vun der Kapitulatioun betraff an op den Inselen am Weste vun Holland gouf nach en ettlech Deeg gekämpft, an eréischt no engem Bombardement vu Middelburg huet och d'Westprovënz kapituléiert.