Boeing
E-3
E-3 Sentry vun der U.S. Air Force
Technesch Daten
Vitess 855 km/h
Passagéier Crew 4, Missiouncrew 13-19
Reechwäit km
Längt 44,61 m
Héicht 6,8 m
Spannwäit 44,42 m
Undriff Véier Pratt&Whitney TF-33-W-100 mat jee 93 kN


De Boeing E-3 Sentry ass déi militäresch Versioun vun der Boeing 707-320, déi als AWACS Loftopklärer bei den Loftwaffen vu verschiddene Staaten am Asaz ass. Nieft der fir e Verkéiersfliger ontypescher Bannenariichtung ass um “Daach“ eng grouss Radar-/IFF-Antenn, déi ee kann dréien, installéiert. Dëse Rotodom huet en Duerchmiesser vun 914 cm an eng Déckt vun 183 cm. Den APY-1 Radar huet eng Reechwäit vun 375 km.

E puer vun den 33 Maschinne vun der US-Loftwaff solle bis no 2025 am Déngscht bleiwen.

Déi aktuell 17 Boeing E-3A Sentry Opklärungsfligere vun der NATO, fléien alleguer ënner lëtzebuergeschem Pavillon

Versiounen änneren

D'Standarversioun vun der Sentry dréit déi offiziell Bezeechnung E-3A. Déi meescht Maschinne goufe vun der US-Loftwaff an den 80er Jore moderniséiert a goufen dunn als E-3B bezeechent. Am Laf vun der weiderer Moderniséierung krute vill vun de Fligeren nei CFM Triebwierker an domat d'Bezeechnung E-3C. An de spéiden 80er entwéckelt Boeing zesumme mat British Aerospace eng moderniséiert Versioun vun der Sentry fir d'Royal Airforce an Groussbritannien, d'E-3D. Dëse Modell ass mat neie méi leeschtungsfäege General Electric CFM56-Triebwierker, souwéi enger Virriichtung fir d'Loftbetankung versi ginn, mat där d'Sentry souwuel vun amerikanesche wéi europäeschen Tankfligere betankt ka ginn. Zousätzlech gouf den Asazspektrum erweidert. Parallel zu der E-3D gouf fir Frankräich d'E-3F entwéckelt, déi sech awer nëmme wéinst e puer Detailer ënnerscheeden.

Well de Grondmodell Boeing 707 a seng Variante säit Ufank den 90er net méi produzéiert gëtt, setzen d'US-Loftwaff an aner Interessente wéi Japan vun do un op d'Boeing 767 als Opklärungsplattform.

Keefer änneren

Technesch Daten E-3A änneren

  • Éischten Asaz: Mäerz 1977
  • Käschten/Präis: zirka 270 Milliounen USD
  • Besatzung: Crew 4, Missiouncrew 13-19
  • Längt: 44,61 m
  • Spannwäit: 44,42 m
  • Véier Pratt&Whitney TF-33-W-100 Triebwierker mat jee 93 kN
  • Max. Geschw./Vitess: 855 km/h
  • Asazfluchhéicht: 9333–11000 m (28000-33000 Fouss)
  • Asazdauer: bis 10 Stonnen ouni Loftbetankung (bis zu 18 Stonne mat Loftbetankung)

NATO-Fligeren déi ënner dem Lëtzebuerger Pavillon fléien änneren

 
Den LX-N90454 bei engem "touch-and-go" um Findel
Immatrikulatioun Constructeur Typpebezeechnung Lafend Nummer
LX-N19996 Boeing 707-329C 19996
LX-N19997 Boeing 707-307C 19997
LX-N20000 Boeing 707-307C 20000
LX-N20198 Boeing 707-329C 17966
LX-N20199 Boeing 707-329C 20199
LX-N790442 Boeing E-3A 22855
LX-N790443 Boeing E-3A 22838
LX-N790444 Boeing E-3A 22839
LX-N790445 Boeing E-3A 22840
LX-N790446 Boeing E-3A 22841
LX-N790447 Boeing E-3A 22842
LX-N790448 Boeing E-3A 22843
LX-N790449 Boeing E-3A 22844
LX-N790450 Boeing E-3A 22845
LX-N790451 Boeing E-3A 22846
LX-N790452 Boeing E-3A 22847
LX-N790453 Boeing E-3A 22848
LX-N790454 Boeing E-3A 22849
LX-N790455 Boeing E-3A 22850
LX-N790456 Boeing E-3A 22851
LX-N790458 Boeing E-3A 22853
LX-N790459 Boeing E-3A 22854

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: E-3 Sentry – Biller, Videoen oder Audiodateien