Bodhipakkhiyādhammā
Bodhipakkhiyādhammā bezeechent aus der Siicht vum Theravada-Buddhismus déi 37 Elementer, déi zum Erwächen féieren. Ët ass also eng Zesummefaassung vun der buddhistescher Léier aus dem Palikanon.
Déi 37 Elementer vum Erwächen änneren
Déi véier Grondlage vun der Opmierksamkeet änneren
- Oppassen op de Kierper
- Oppassen op d'Gefiller
- Oppassen op de Geescht
- Oppassen op d'Géigestänn vum Geescht, den Dharma ouni stoffleche Kierper
Déi véier richteg Ustrengungen änneren
- Dat, wat et scho gëtt a schlecht ass, verdreiwen
- Dat, wat et nach net gëtt a schlecht, net entstoe loossen
- Dat, wat et nach net gëtt a gutt ass, entstoe loossen
- Dat, wat et scho gëtt a gutt ass, festegen
Déi véier Weeër zum Erfolleg änneren
- Wëllen
- Wëllenskraaft
- Rengt Bewosstsinn
- Weisheet
Déi fënnef Fäegkeeten änneren
- Vertrauen a Glawen an d'Léier vum Buddha
- Wëllensstäerkt an der Ëmsetzung
- Bewosstsinn vun engem sengen Aufgaben
- Konzentratioun
- Weisheet
Déi fënnef Kräften änneren
- D'Kraaft vum Glawen an dem Buddha seng Léier
- D'Kraaft vun der Wëllensstäerkt
- D'Kraaft vum Bewosstsinn
- D'Kraaft vun der Konzentratioun
- D'Kraaft vun der Weisheet
Déi siwe Facteure vun der Erliichtung änneren
- Opmierksamkeet
- Fuerschung vum Gesetz
- Wëllenskraaft, Ustrengung
- Glécksgefill
- Stëll
- Konzentratioun
- Gläichmutt
Den nobelen aachtdeelege Pad änneren
- Richteg Usiicht
- Richtege Wëllen
- Richtegt Schwätzen
- Richtegt Handelen
- Richtegt Liewen
- Richtegt Ustrengung
- Richteg Opmierksamkeet, richtegt Bewosstsinn
- Richteg Meditatioun