Bodhi (aus dem Sanskrit a Pali बोधि: wiertlech Erwächen, heinansdo och Erléisung oder Erliichtung; Buddha oder Buddhismus hunn déi selwecht Wuerzel) bezeechent am Buddhismus an aneren indesche Philosophien den Erkenntnisviirgang, deen um vum Buddha geléierten Erléisungswee als lescht Etapp zum Nirwana féiert. Als Bodhi gëtt och de Bam bezeechent, ënner deem dem Buddha als éischt de Bodhi erfueren huet.

Konzept änneren

E Buddha, also e Wiesen, dat de Bodhi erreecht huet, huet an der Léier vum Buddhismus aus eegener Kraaft an ouni Beléierung oder Uleedung, d'Vollkommenheet an d'Rengheet vu sengem Geescht erlaangt. Wat hien elo erreecht huet, sinn eng vollkomme Weisheet (Prjana), d'Verständnis vun der Natur vun de Saachen (Dharma), en onendlecht Matgefill mat allem Liewegen (Karuna) an doduerch, wéi op chineeseschen a japaneschen Ikonographien dacks ze gesinn ass, e vollstännegt Glécksgefill. Als lescht féiert de Bodhi zum Nirwana.

E vollkommen erwächte Buddha (Samyak-Sambuddha) ass déi perfeksten, weisesten, allwëssendsten a matfillendste Form vun engem Erwächten, deem et méiglech ass, aneren dobäi ze hëllefen, aus dem Samsara auszebriechen. De Buddha Shakyamuni gëllt als sou e vollkommen erwächte Buddha.

Erlaangen änneren

Fir de Bodhi z'erlaangen, muss een all karmesch Kräften iwwerwannen. Dëst geschitt, andeems een déi véier eedel Wourechten begräift an all Täuschung a Bedürfnis, déi un d'Existenz gebonne sinn, iwwerwënnt. Et hieft ee sou schliisslech de Kreeslaf vum Liewen a Leiden an d'Erëmgebuerten, kuerz: de Samsara op an erlaangt d'Nirwana.

De Buddha soll zu senger Liefzäit iwwer 84.000 Beléierunge ginn hunn, wéi de Samsara ze duerchbrieche wier.

Kuckt och änneren