De Modest Schoepen, besser bekannt ënner senge Kënschtlerpseudonymer Bobbejaan, Bobby Jaan oder Bobbejaan Schoepen, gebuer de 16. Mee 1925 zu Boom (Belsch) a gestuerwen de 17. Mee 2010 zu Turnhout[1], war e belsche Sänger, Gittarist, Komponist, Entertainer a Grënner vun engem Fräizäitpark (Bobbejaanland).

Bobbejaan Schoepen
Gebuertsnumm Modest Schoepen
Gebuer 16. Mee 1925
Boom
Gestuerwen 17. Mee 2010
Turnhout
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Filmschauspiller, Liddermécher, Gittarist, Kabarettist, Komponist, Konschtpäifer
De Bobbejaan 1943

Hie war ee vun den éischte Sänger vu Country-Musek an Europa a war och bekannt als Konschtpäifer. Seng éischt Plack war De jodelende fluiter (1948), mam Django Reinhardt a sengem Orchester. Hien hat e Repertoire vun enger 600 Titelen aus ënnerschiddleche Stiler wéi Klengkonscht, Film-Soundtracker, Chansons, a Volleksmusek. Een dovun, Ik heb eerbied voor jouw grijze haren, gouf 1963 vum Camillo Felgen ënner dem Titel Ich hab Ehrfurcht vor schneeweißen Haaren gesongen. Am Laf vu senger Karriär huet hie 25-mol eng Gëlle Schallplack kritt.

Tëscht 1950 an 1967 huet hien a fënnef Fimer matgespillt. Hien hat och eng eege Show an engem Zirkuszelt.

Filmographie (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bobbejaan Schoepen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Bobbejaan Schoepen (85) overleden, De Morgen, 17. Mai 2010