Bob van Asperen
De Bob van Asperen gebuer den 8. Oktober 1947 zu Amsterdam, ass en hollänneschen Cembalist, Organist an Dirigent.
Bob van Asperen | |
---|---|
Gebuer |
8. Oktober 1947 Amsterdam |
Nationalitéit | Holland |
Aktivitéit | Dirigent, Organist, Musikolog, Universitéitsprofesser, Pianist, Cembalist, Komponist |
Säi Liewen änneren
No sengem Studium ënner dem Gustav Leonhardt um Conservatoire zu Amsterdam huet de Bob van Asperen eng international Concertskarriär ugefaangen. Hie war Member vun den Ensemble Quadro Hotteterre a La Petite Bande a Grënner vu Melante 81. 1988 gouf en zum Professer um Sweelinck-Conservatoire zu Amsterdam beruff.
Repertoire änneren
De van Asperen huet Wierker vum Johann Sebastian Bach a vun den hollännesche Komponiste Sybrandus van Noordt, Cornelius Thymenszoon Padbrué a Jan Pieterszoon Sweelinck rekonstruéiert.