Bluttbuch zu Miersch

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Bluttbuch zu Miersch ass eng Bluttbuch (Fagus sylvatica f. purpurea, (de) Blutbuche, (fr) Hêtre pourpre) déi zu Miersch an der Gemeng mam selwechten Numm steet an déi zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Bluttbuch zu Miersch
D'Bluttbuch am Wanter 2024 mam Servais-Haus am Hannergrond
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Miersch
Plaz Miersch
Adress Rue de la Gare
Koordinaten 49°45'4,25"N, 6°6'28,87"O
Bamaart Bluttbuch
Héicht 17,4 m (2023)
Duerchmiesser 1,30 m (2023)
Ëmfang 4,08 m (2023)
Bluttbuch zu Miersch (Lëtzebuerg)
Bluttbuch zu Miersch
Bluttbuch zu Miersch
Lag vum bemierkenswäerte Bam

D'Bluttbuch ass eng Form (Varietéit) vun der Routbuch (Fagus sylvatica), déi duerch eng Mutatioun entstanen ass.

Lokalisatioun änneren

De Bam steet am Park vum Nationale Literaturzentrum, dem fréiere Servais-Haus. Den Accès fir an de Park ass iwwer d'Rue de la Gare oder d'Rue Emmanuel-Servais.

Geschicht änneren

De geneeën Alter vun dëser Bluttbuch ass net bekannt, se ass méi wéi 200 Joer al a gouf warscheinlech geplanzt, wéi d'Servais-Haus tëscht 1780 a 1788 gebaut ginn ass.

De Bam huet e kuerzen a breede Stamm mat engem Duerchmiesser vu méi wéi zwéi Meter a steet isoléiert um Bord vun der Wiss hanner der Villa. Seng Kroun ass breet a bal perfekt symmetresch.

Entwécklung änneren

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [1]    
2000 3,55 1,13 22,00
2023 4,08 1,30 17,40

Biller änneren

Literatur änneren

  • Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 176-177, Foto an Text)
  • Bartimes, Mett et al. Les arbres remarquables 2002. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 2002. Print. ISBN 2-919877-05-4
  • Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Luxembourg: Administration des eaux et forêts, 1981. Print.

Um Spaweck änneren

Commons: Bluttbuch zu Miersch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. op Broschthéicht gemooss
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur