De Blues 'n' Jazz Rallye ass e Museksfestival, deen zanter 1995 wéi d'Stad Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad war, all Joer Mëtt / Enn Juli organiséiert gëtt. Den Organisateur war uganks de Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an Zesummenaarbecht mat der Stad Lëtzebuerg an dem Blues-Club Lëtzebuerg, zanter 2022 ass et d'Stad mam Blues-Club.

E Concert vum Keziah Jones am Parc Odendall (2023)

De Festival zitt all Joer ëm déi 20.000 Visiteuren un.

2018 war déi 24. Editioun vun deem Museksmarathon, dee vun do un net nëmmen am Gronn an a Clausen, mä och am Pafendall eng 90 Blues- an Jazz-Concerte mat am Ganzen iwwer zweehonnert Museker op 16 Fräiliichtbünen an 21 Caféen, Restauranten an Hoteller ugebueden huet.

Well de Rallye ëmmer méi Leit ugezunn huet a fir d'Sécherheet vum Public an de Stroossen ze garantéieren, gi keng Concerten méi an de Stroossen organiséiert, mä just nach op follgende festgeluechte Plazen:

Do dernieft ginn et och nach Concerten an de Caféen an Discoen an den dräi Quartieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Blues 'n' Jazz Rallye – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren