Blaise Pascal

franséische Philosoph an Naturwëssenschaftler

De Blaise Pascal, gebuer den 19. Juni 1623 zu Clermont-Ferrand a gestuerwen den 19. August 1662 zu Paräis, war e franséische Philosoph an Naturwëssenschaftler.

Blaise Pascal
Pseudonym Louis de Montalte, Amos Dettonville, Salomon de Tultie
Gebuer 19. Juni 1623
Clairmont
Gestuerwen 19. August 1662
Paräis
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Aktivitéit Mathematiker, Philosoph, Theolog, Physiker, Schrëftsteller, Sta­tis­ti­ker

De Blaise Pascal gouf schonn als Kand als mathematescht Genie betruecht.

Hien huet a jonke Joren eng Rechemaschinn entworf an hien huet 1647 d'Gesetz vun de kommunizéierende Réier entdeckt.

Hien ass op d'Iddi komm fir de Barometer ze benotze fir d'Héichtemeter (iwwer dem Mier) vun enger Plaz ze bestëmmen.

De Pascal an den Transport änneren

Eng manner bekannt Erfindung déi him zougeschriwwe gëtt, war d'Installatioun vu reegelméissegen urbanen Transportverbindunge mat Kutschen.

Hien ass am Alter vun 39 Joer am Klouschter Port-Royal gestuerwen.

Publizéiert Wierk (Auswiel) änneren

  • Les pensées (dem Pascal seng philosophesch Iddiën)
  • Les Provinciales (eng Apologie vum Jansenismus)

Um Spaweck änneren

Commons: Blaise Pascal – Biller, Videoen oder Audiodateien