Eng Bitzmaschinn ass en Apparat mat deem ee Stëfter hallefautomatesch unenee bitze kann.

Eng Bitzmaschinn.

Se gouf 1830 vum Barthélemy Thimonnier, engem vu Lyon gebiertege Schneider erfonnt an op Basis vu verschiddene Grondprinziper virunentwéckelt. An der 2. Hallschent vum 19. Joerhonnert, war se sou wäit developpéiert, datt se a Massefabrikatioun gemaach gouf, a sou och an de Stéit an de Gebrauch komm ass. Déi mechanesch Bitzmaschinne fir de Stot ginn iwwer e Rimm ugedriwwen deen iwwer zwou Pullië leeft. Déi eng Pulli ass nieft dem Handrad, op der Dreifachs vum Mechanissem vun der Bitzmaschinn festgemaach. Déi aner Pulli mat méi engem groussen Duerchmiesser ass ënnendrënner um Gestell vun der Maschinn festgemaach, a gëtt iwwer eng Kuerwelwell déi iwwer eng Pedalll ënner der Maschinn aktionéiert gëtt, ugedriwwen. Verschidde Modeller hunn zwou grouss Pullië mat verschiddenen Duerchmiessere fir sou d'Vitess vum Bitze kënnen z'änneren. No den 1950er Joren hu sech lues a lues Bitzmaschinne mat engem elektresche Motor, fir d'Stéit duerchgesat.

Wéi funktionéiert se? änneren

 
Bitze vun enger Nout

Eng Bitzmaschinn am Stot brauch, am Géigesaz zum Bitzen op der Hand, zwéi Fiedem. Ee vun deene Fiedem ass op enger Spillchen opgewéckelt, déi op enger Achs ënner dem Stoft sëtzt. Deen anere Fuedem leeft vun enger Bobinn, uewen op der Maschinn, iwwer eng Mechanik bis duerch d'Bitzmaschinnennol, wou en eng Schlauf mécht. D'Lach ("A") vun der Nol ass ganz no bei der Spëtzt. Dës pickt de Fuedem duerch déi zwou Loe Stoft duerch. E Mechanismus ënnendrënner mécht, datt d'Schlauf mam zweete Fuedem, deen do opgewéckelt ass, verbonne gëtt. D'Nol zitt dann de Fuedem nees an d'Luucht, an zitt déi zwéi Fiedem un. Well d'Stécker Stoff déi tëscht engem Féischen, an zwou klengen Zännstaangen, déi duerch en Exzenter hin an hier, a gläichzäiteg op an of beweegt ginn, geklemmt sinn, an doduerch bei all Tour d'Stoff e Stéckelche weiderréckelen, gi se fir den nächsten Astach a Positioun bruecht, an deen uewegenannten Oflaf geet vu vir un, sou datt een eng Nout (oder e Som) bitze kann.

Um Spaweck änneren

Commons: Bitzmaschinnen – Biller, Videoen oder Audiodateien