D'Bisamrat (Ondatra zibethicus) ass eng Knabberdéierenaart (Rodentia) déi aus Nordamerika staamt. Vu Béimen, a méi spéit, vu Frankräich hier huet d'Bisamrat sech iwwer ganz Europa an iwwer Asien ausgebreet. Si ass also e sougenannten Neozoon.

Bisamrat
Bisamrat

Bisamrat
Bisamrat
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Knabberdéieren
Famill: Cricetidae
Gattung: Ondatra
Wëssenschaftlechen Numm
Ondatra zibethicus

Den Numm änneren

Den Numm Bisamrat ass eigentlech falsch, well d'Bisamrat iwwerhaapt keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass.

D'Bisamrat zu Lëtzebuerg änneren

 
D'Bisamrat um Wee op Lëtzebuerg (aus: Massard & Geimer 1993, S. 140)
 
Eng Bisamrat bei der Botz

Zu Lëtzebuerg sinn déi éischt Bisamraten 1954 gesi ginn: am August am doudegen Aarm vun der Uelzecht (Al Mudder) bei Pëtten, am September op der Musel bei Schengen, am November op der Strooss bei de Weieren op der Kockelscheier (en Déier, dat vun engem Auto iwwerrannt gi war). Am Juli 1955 gouf d'Presenz vun der Bisamrat an engem Baggerweier bei Remerschen festgestallt. Véier vun dëse fënnef Observatioune stame vum Biologiesprofesser Jos Hoffmann.[1]

Am September 1956 gouf eng Bisamrat vun engem Cyclist bei Beetebuerg doutgeschloen; si ass am naturhistoresche Musée gelant an ass als éischte materielle Beleeg fir d'Presenz vun der Bisamrat zu Lëtzebuerg opgestoppt ginn. Am Februar 1957 sinn 10 Bisamraten op der Musel bei Bech-Maacher geschoss ginn. Op der Musel goufen duerno ëmmer erëm Bisamrate gesinn, awer och zu Diddeleng an op der Gander. D'allgemeng Invasioun vum Land, déi 1956/57 sou richteg lassgaangen ass, war domat lancéiert.[1]

De Wee op Lëtzebuerg huet d'Bisamrat iwwer d'franséisch Musel fonnt. Den Haaptfoyer vun der Invasioun war eng Ziichterei bei Leval am Territoire de Belfort, déi 1927 am "Étang des Charmottes" installéiert gi war, duerno awer verkomm ass, soudatt d'Déieren 1930 fortlafe konnten.[2] 1938 war d'Bisamrat bis virun Épinal virgeréckt, 1951 war se viru Metz ukomm, an 1954 huet si da Lëtzebuerg erreecht.[3]

Déi alleréischt Bisamraten hat de Grof Colloredo-Mannsfeld am Joer 1905 aus Nordamerika an Europa agefouert an a senger Proprietéit zu Dobris bei Prag ausgesat. Zéng Joer méi spéit sinn déi éischt Déiere fortgelaf an hunn ugefaange sech iwwer Mëtteleuropa ze verbreeden, wou se 1917 Däitschland erreecht hunn.[4]

Nom Günter Jankowski (2005) soll et sech beim Grof Colloredo-Mannsfeld ëm de Joseph Hieronymus Franz von Colloredo-Mannsfeld gehandelt hunn.[5] Deen ass awer schonn 1895 gestuerwen, kann also net a Fro kommen. Da kann et sech nëmmen ëm de Joseph von Colloredo-Mannsfeld (1866-1937) oder den Hieronymus von Colloredo-Mannsfeld (1870-1942) oder soss e Member vun der Famill Colloredo-Mannsfeld handelen. Do sinn also nach weider Recherchen néideg!

D'Grofe Colloredo-Mannsfeld sinn iwwregens aus der Famill vum Grof Péiter Ernest vu Mansfeld (1517-1604), dee Gouverneur vu Lëtzebuerg war.[6]

Literatur änneren

  • Dubost, G., 1962. L'invasion de la Lorraine par le Rat musqué (Ondatra zibethica L.). Mammalia, 26: 56-63.
  • Heuertz, M., 1957. Premières captures de Rats Musqués au Grand-Duché de Luxembourg. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques, N.S 24: 41-51.
  • Heuertz, M., 1959. L'apparition du Rat musqué au Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 62(1957): 89-93 (séance du 28 janv. 1957).
  • Jankowski, G., 2005. Mansfeld: Gebiet, Geschlecht, Geschichte. Zur Familiengeschichte der Grafen von Mansfeld. Luxemburg: Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, Luxembourg, Impr. Centrale, 464 S.
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1993. Initiation à l'écologie. Principes généraux de l'écologie et notions sur le milieu naturel luxembourgeois ainsi que sur les problèmes de l'environnement au Grand-Duché de Luxembourg. 2e édition. Luxembourg, Ministère de l'Éducation nationale, 297 S. PDF
  • Vallée, L., 1959. Contribution à l'étude des migrations du Rat musqué Ondatra zibethica L. (Fiber zibethicus L.) en France. Bulletin de la Société zoologique de France, 84: 329-340.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Heuertz 1957.
  2. Dubost 1962. Nom Vallée (1959) wieren déi éischt souguer schonn 1928 fortgelaf.
  3. Heuertz 1957, Massard & Geimer 1993, S. 140.
  4. Massard & Geimer 1993, S. 139.
  5. Jankowski 2005, S. 410.
  6. Heuertz 1959, Massard & Geimer 1993, S. 139.

Um Spaweck änneren

Commons: Ondatra zibethicus – Biller, Videoen oder Audiodateien