00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
Billy Talent
Grënnung: 1993
Genre: Emocore / Alternative Rock
Website: http://www.billytalent.com
Aktuell Memberen
Gesank: Benjamin Kowalewicz
Gittar & Gesank: Ian D'Sa
Bass-Gittar & Backgroundgesank: Jon Gallant
Battrie: Aaron Solowoniuk

Billy Talent ass eng Emo/Alternative-Band aus dem Ontario, Kanada.

Bandgeschicht änneren

De Leadsänger Benjamin Kowalewicz ass de 16. Dezember 1975 zu Montréal gebuer. An der Lady of Mount Carmel Secondary School huet en dunn den Jonathan Gallant kenne geléiert, mat deem hien an der Band To Each His Own gespillt huet.

Bei engem Bandconcours hu sech dunn d'BandMembere vun haut déi éischt Kéier getraff, déi deemools awer nach an hiren eegene Gruppe gespillt hunn. Se hunn decidéiert, eng eege Band ze grënnen, déi se Pezz genannt hunn a vun der Museksrichtung hier éischter Progressive Rock war. Nieft e puer lokalen Optrëtter gouf 1999 hiren éischten Album mam Numm "Watoosh" opgeholl.

Nach am Joer 1999 koum et zu enger Ëmorientéierung a Richtung Emo an eng Ännerung vum Numm a "Billy Talent". Dëst wéinst Onstëmmegkeete mat enger anerer Band mam selwechten Numm. Den Numm Billy Talent staamt hei vun engem Charakter aus dem Film "Hard Core Logo". Duerch den neien Image a Stil huet op eng Kéier déi gréisst Radio-Rock-Show vun Toronto Interessi un dem Newcomer gewisen an d'Produzentin vun der Show huet hinnen zu engem Plackekontrakt bei Warner Records verhollef.

Den 23. September 2003 koum hiren Album "Billy Talent" ënner dem Label Atlantiv Records eraus. Als Singles goufen d'Songs "Try Honesty", "The Ex", "River Below" an "Nothing To Lose" verëffentlecht.

Am Fréijoer 2005 ass dunn eng Demoopnam vun engem net verëffentlechte Song mam Numm "Red Flag" am Internet opgedaucht, deen op hirem nächsten Album sollt drop sinn. "Red Flag" ass op de Soundtracks vu „Burnout Revenge“, „Burnout Legends“, „SSX On Tour“ an EA Sports „NHL 06“ an op der Atlantic Records Compilation „Black By Popular Demand“ ze fannen.

En anert Lidd, "Devil In A Midnight Mass", konnt een ëm Chrëschtdag exklusiv op hirer Websäit eroflueden. "Surrender" war fir Veltesdag 2006 als Download op der Säit. Béid Lidder sinn um Album "Billy Talent II", dee säit dem 23. Juni 2006 um Maart ass a mëttlerweil Goldtstatus erreecht huet. Den 19. Februar 2006 huet d'Band an Däitschland Platinstatus erreecht. D'Auszeechnung gouf zu Hamburg iwwerreecht.

Den 20. Abrëll gouf déi definitiv Versioun vun "Devil In A Midnight Mass" op hirer MySpace-Säit virgestallt. De Video zum Lidd ass mëttlerweil op MuchMusic disponibel, Clippe vun anere Songs sinn op der Warner Musek Websäit ze fannen.

Billy Talent zu Lëtzebuerg änneren

Discographie änneren

Albumen änneren

  • 1999: Watoosh! (als "Pezz")
  • 2003: Billy Talent (29. September)
  • 2006: Billy Talent II (23. Juni)
  • 2006: Billy Talent LIVE (Live from the UK September/2006)
  • 2009: Billy Talent III (10. Juli)
  • 2012: Dead Silence (11. September)
  • 2014: Hits (4. November)
  • 2016: Afraid of Heights (29. Juli)

EPen änneren

  • 1993: Demoluca (als "Pezz")
  • 1994: Dudebox (als "Pezz")
  • 2001: Try Honesty (1. September)
  • 2010: iTunes Session (16. Februar)

Singles änneren

  • 2002: Living in the Shadows/Prisoners of Today
  • 2003: Try Honesty (22. September)
  • 2004: The Ex (29. Mäerz)
  • 2004: River Below (5. Juli)
  • 2004: Nothing to Lose (Radio-Single, 16. November)
  • 2006: Devil in a Midnight Mass (12. Juni)
  • 2006: Red Flag (15. September)
  • 2006: Fallen Leaves (19. November)
  • 2007: Surrender (2. April)
  • 2007: This Suffering (26. November)
  • 2008: Turn Your Back (16. September)
  • 2009: Rusted from the Rain (19. Mai)
  • 2009: Devil on My Shoulder (26. August)
  • 2009: Saint Veronika (1. Februar)
  • 2010: Diamond on a Landmine (21. Juni)
  • 2012: Viking Death March (25. Mai)
  • 2012: Surprise Surprise (7. August)
  • 2012: Stand Up and Run (4. Februar)
  • 2012: Show Me the Way (31. Juli)
  • 2014: Kingdom of Zod (25. September)
  • 2014: Chasing the Sun (31. Oktober)
  • 2016: Afraid of Heights (12. Mai)
  • 2016: Louder Than the DJ (3. Juni)
  • 2017: Ghost Ship of Cannibal Rats (27. Juli)
  • 2020: Forgiveness I + II
  • 2020: Reckless Paradise
  • 2020: I Beg to Differ (This Will Get Better)

DVD änneren

  • 2005: Scandalous Travelers (4. Januar) (Tour-Dokumentatioun a verschidde Videoen)
  • 2007: 666 Live DVD (27. November)

Gielercher änneren

2004 krute se bei den Juno Awards d'Auszeechnung als Best New Group of the Year, 2005 Group of the Year an Album of the Year. Bei de kanadesche MuchMusic-Video-Awards gouf hire Video „The River Below“ als bescht Video an als bescht Rock-Video ausgezeechent nodeem se néng Nominéierunge kruten.

Um Spaweck änneren

Commons: Billy Talent – Biller, Videoen oder Audiodateien