Eng Bier, regional och Bayar oder Stoussbier, ass eng Zort Schubbkar an där keng lasse Gidder kënnen transportéiert ginn, well se no dräi Säiten op ass a just ee Kappstéck huet. De Budem ka ganz gedeckt sinn, ass awer meeschtens fir Gewiicht ze spueren, geleedert.

Eng modern Bier op enger Gare

Biere goufen haaptsächlech benotzt fir Gidder a Säck ze transportéiren, oder aner Saachen déi awer méi oder wéineger zesummegehalen hunn, wéi Fruuchtgaarwen, oder Hee. Bieren huet en och op Garë fonnt fir Gepäck ze feieren.