D'Bièvre ass e franséische Floss. Si entspréngt zu Guyancourt an den Yvelines a si ass fréier op der Héicht vun der Gare d'Austerlitz zu Paräis an d'Seine gelaf.

D'Bièvre huet eng Längt vun 32,8 Kilometer, a si leeft vun den Yvelines aus duerch d'Departementer Hauts-de-Seine a Val-de-Marne bis op Paräis.

Haut ass d'Bièvre zu Paräis ganz iwwerdeckt. Et lafen awer Pläng fir dat z'änneren, a si erëm eng kleng Streck fräi lafen ze loossen.

Um Spaweck änneren

Commons: Bièvre River – Biller, Videoen oder Audiodateien