De Bezierk Pankow [ˈpaŋkoː] ass deen drëtten a meescht bevëlkerte Verwaltungsbezierk vun der Bundeshaaptstad Berlin. Am Kader vun der Verwaltungsreform 2001 huet den deemolege Bezierk Pankow mat de Bezierker Prenzlauer Berg a Weißensee fusionéiert, an ass flächeméisseg gewuess.

Geographesch Lag änneren

Pankow läit am Nordoste vu Berlin a grenzt un d'Bezierker Lichtenberg, Friedrichshain-Kreuzberg, Mitte a Reinickendorf grad sou wéi un d'Brandenburger Landkreeser Oberhavel a Barnim.

Ënnerdeelung vu Pankow änneren

Pankow ass ganz ënnerschiddlech bevëlkert. Zwee Drëttel vun der Bevëlkerung wunnen an den dräi gréissten Deeler: Prenzlauer Berg, Pankow (Deel vum Bezierk Pankow) a Weißensee.

De Prenzlauer Berg ass de fënneftmeescht besidelten Deel vu Berlin, wärend Blankenfelde a Stadtrandsiedlung Malchow déi zwou Plaze sinn, wou sech déi mannst Leit néiergelooss hunn (just ee Prozent vun der Bevëlkerung vum Bezierk Pankow), an dat obschonn déi zwéin Deeler ee Fënneftel vun der Fläch vum Bezierk ausmaachen.

Um Spaweck änneren

Commons: Bezierk Pankow – Biller, Videoen oder Audiodateien