Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Beruffsgeheimnis ass eng Informatioun, déi eng Persoun opgrond vun hirem Beruff matgedeelt krut, oder erausfonnt huet, an déi se net däerf weiderginn.

D'Beruffsgeheimnis spillt eng Roll ë. a. bei Dokteren, Infirmieren, Affekoten, Postbeamten, Riichteren an anere Staatsbeamten.

Am Bankfach gëtt vum Bankgeheimnis geschwat, an der Industrie an am Handel ass et de Secret d'affaires et de fabrication.

Bei Geeschtlechen ass et d'Beichtgeheimnis, dat am kanonesche Recht festgehalen ass.

An der lëtzebuergescher Legislatioun gëtt d'Beruffsgeheimnis an de Gesetzer, déi déi verschidde Funktiounen oder Beruffer beschreiwen, festgehalen.

D'Strofen déi bei enger Verletzung vum Beruffsgeheimnis kënnen ausgesprach ginn, sinn zu Lëtzebuerg am Code pénal festgehalen (ë. a. am Artikel 458).

D'Gesetz seet wéini datt d'Beruffsgeheimnis opgehuewen ass: l'obligation au secret cesse en matière pénale et devant tout juge. Déi Reegelung gëllt awer net fir d'Beichtgeheimnis.