Bernd Marcel Gonner

lëtzebuergesche Schrëftsteller


De Bernd Marcel Gonner, gebuer den 29. November 1966 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.[1]

Bernd Marcel Gonner
Gebuer 29. November 1966
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Hie schafft am Beräich vum Enseignement vum Däitschen als Friemsprooch.

Hien huet eng ganz Rëtsch Erzielungen a Gedichter an diversen Anthologien, Zäitschrëften an Online-Publikatioune verëffentlecht.

2006 huet de Bernd Marcel Gonner de Gedichtsband Naupliamond. Kinder-/Nonsensgedichte erausbruecht.

Fir säi Kannerbuch Pirat krut hien 2016 den 1. Präis beim Concours littéraire national, an 2017 beim selwechte Concours fir den Erzielungsband Volk der Freien deen 2. Präis. 2017 gouf hien och mam 100,7 Radio-Präis fir säi Lauschterspill Grimmia sessitana oder Einfache Seligpreisungen ausgezeechent .

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche op autorenlexikon.lu.