De Bernd Eichinger, gebuer den 11. Abrëll 1949 zu Neuburg an der Donau a gestuerwen de 24. Januar 2011 zu Los Angeles, war en däitsche Filmproduzent, -regisseur an Dréibuchauteur.

Bernd Eichinger
Gebuer 11. Abrëll 1949
Gestuerwen 24. Januar 2011
Los Angeles
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmregisseur, Delegéierte Produzent
Member vun Deutsche Filmakademie

Nom Studium op der Film- an Tëleehéichschoul zu München huet hien 1979 Parte vun der Produktiouns- an Distributiounsfirma Constantin FIlm iwwerholl a gouf hiren Directeur exécutif. Hie blouf dat bis 2005. Hien huet an e puer FIlmer selwer Regie gefouert, ass awer virun allem bekannt als Produzent vun ë. a. Literaturverfilmungen, dacks an internationale Koproduktiounen, wéi Der Name der Rose, Die unendliche Geschichte, Wir Kinder vom Bahnhof Zoo, Das Parfum, Das Geisterhaus, asw.

Aner bekannt Filmer vun him sinn Der bewegte Mann, Der Untergang an Der Baader-Meinhof-Komplex.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bernd Eichinger – Biller, Videoen oder Audiodateien